SES Astra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
SES Astra S.A. ass eng Entreprise, déi eng Satelliteflott bedreift, iwwer déi Televisiouns- Radios- a Multimediaprogrammer, an och Telekommunikatiounsservicer direkt un d'Ennverbraucher ("Direct to Home", DTH) ausgestraalt ginn. Si gehéiert zum Grupp SES Global S.A..
SES Astra bedreift 13 Astra- an 2 Sirius-Satelliten. Am Ganzen erreechen dës Satelliten 122 Millioune Stéit an Europa, sief et direkt iwwer eng Parabolantenn, oder iwwer Teledistributioun. Se iwwerdroen eng 2.500 Televisiouns- a Radioprogrammer, déi meescht dervunner digital, an 80 sinn der an HDTV.
D'Orbital-Positioune vun den Astra- a Sirius-Satellitesystemer sinn 19,2° Ost, 28,2° Ost, 23,5° Ost, 5° Ost an 31,5° Ost.