SES Global
SES S.A. ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi Satellite bedreift. Si ass 1985 entstan, huet an Europa den Astra-Satellitesystem entwéckelt, an ass international massgéblech duerch d'Acquisitioun am Joer 2001 vun GE Americom, enger Duechter vun der General Electric, am Joer 2000 vu 50% vun der schwedescher NSAB (spéider SES Sirius) an am Joer 2006 vun New Skies Satellites gewuess an zum haut zweetgréissten Bedreiwer vun Telekommunikatiounsatelliten weltwäit gin. Hire Sëtz huet d'SES um Schlass Betzder. De Lëtzebuerger Staat ass mat 16,7% vun de Stëmmrechter de Referenzaktionär vun der SES.
SES stoung ursprünglech fir Societé Européenne des Satellites. Am Joer 2001, no der Acquisitioun vu GE Americom, ass d'Firma an SES Global ëmbenannt ginn, an zanter 2006, no der Acquisitioun vun New Skies Satellites, heescht d'Gesellschaft erëm SES.
D'Entreprise hat am September 2011 Participatiounen un de Satellitebedreiwer Ciel a Kanada, Quetzsat a Mexiko , YahLive, O3b Networks a Solaris Mobile.
Mat hiren 47 Satellite (Stand September 2011) kann d'SES bal 99% vun der Weltbevëlkerung erreechen.
D'SES huet och Participatiounen an Entreprisen, déi an der Satellitentechnologie schaffen, dorënner ND SatCom, SES Government Solutions, HD+, ASTRA TechCom Services, ASTRA Platform Services an ASTRA Broadband Services. D'SES ass op de Boursë vu Lëtzebuerg a Paräis quotéiert.
President an CEO ass de Romain Bausch.
Resultater[änneren]
2010 hat SES en Ëmsaz vun 1,735 Milliarden Euro an en Nettobenefice viru Steieren vu 487 Milliounen Euro.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: SES – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Zu der SES-Grupp gehéieren: