Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) SNCB-Linn 42)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Y vu Rivage. Den Tunnel vu Liotte op der Linn 42 (lénks). Riets d'Linn 43 mat der Bréck iwwer d'Amblève.

D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.

D'Linn 42 huet mat Ausnahm vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweespureg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.

Inhaltsverzeechnes

Geschichtlech Daten [änneren]

Bau vun der Linn [änneren]

D'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:

Modernisatioun vun der Linn [änneren]

An den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, déi déi Zäit ganz zweespureg war, gouf op e Gleis zréckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.

Op Drock vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat a vun Europa, gouf d'Linn an den 90er Jore moderniséiert.

Bei dëser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizéiert, Barriérë suppriméiert, an d'Signalisatioun frëschgemaach.

De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten déi ronn 900 Millioune Frang kascht hu, fäerdeg.

Garen an Halten op der Streck [änneren]

A Schifschrëft sinn déi Halten opgezielt an deene keen Zuch méi hält, an déi deelweis ewechgerappt sinn.

Rivage (43) | Liotte | Hagoheid | Martinrive | Aywaille | Remouchamps | Nonceveux | Quarreux | Lorcé-Chevron | Stoumont | La Gleize | Roanne-Coo | Coo | Trois-Ponts (45) | Grand-Halleux | Rencheux | Vielsalm (47A) | Salmchâteau | Cierreux | Bovigny | Gouvy (163)

Verbindunge mat aneren Eisebunnsstrecken [änneren]

D'Linn 42 an der Sortie vu Gouvy an Direktioun Léck. Lénks am Bild tëscht den Hecken den Tracé vun der fréierer Linn 163 an Directioun Sankt Vith

.

  • Vu Gouvy aus:
  • Vun Trois-Ponts aus:
  • Zu Rivage:
  • Privatuschlëss:

International Zich [änneren]

Op der Streck fiert am internationale Reseau den IR m dee vun den CFL's Lokomotiven aus der Serie 3000 oder vu belsche baugläiche Lokomotiven aus der Serie 13 gezu gëtt.

Bauwierker op der Streck [änneren]

Brécken [änneren]

Tunnellen [änneren]

  • Tunnel vu Liotte (zweegleiseg) : 82 Meter
  • Tunnel vu Remouchamps : 618 Meter
  • Tunnel vun Targnon : 279 Meter
  • Tunnel vu Xhierfomont : 127 Meter
  • Tunnel vu Cheneux : 250 Meter
  • Tunnel vu La Gleize : 59 Meter
  • Tunnel vu Roanne-Coo : 194 Meter
  • Tunnel vu Coo : 305 Meter
  • Tunnel vun Trois-Ponts (zweegleiseg) : 345 Meter

Um Spaweck [änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien