SOGECO

Vu Wikipedia

D'Société générale pour le commerce de produits industriels S.A., ofgekierzt SOGECO, war eng lëtzebuergesch Grousshandelsgesellschaft. D'Gesellschaft dréit zanter 2008 den Numm SOGEVA, d'Ofkierzung vu Société de gestion de valeurs mobilières et immobilières S.A.

D'SOGECO gouf 1919 vun de Bridder Léon an André Laval gegrënnt. Den André Laval huet sech awer 1925 zeréckgezu fir d'Minusines S.A. ze grënnen.[1]

D'SOGECO war an enger éischter Phas eng Grousshandelsfirma déi d'Produktioun vun der Lëtzebuerger Stolindustrie commercialiséiert huet. Vun 1923 bis 1928 huet d'Sogeco souguer d'Exclusivitéit fir der Hadir hir Produktioun ze kommerzialiséieren.

D'SOGECO huet awer och Participatiounen an anere Firme gehalen. D'Gesellschaft gouf sou nom Doud vum Henri Tudor gréissten Aktionär an der Société anonyme des accumulateurs Tudor.

D'Firma huet mat der Zäit hir Aktivitéiten diversifiéiert a gouf als Generalimportateur vu Produkter a Maschinne fir d'Industrie aktiv. Industriell Akkumulatoren a méi allgemeng Batterien a soss Ersatzstécker fir Autoen a Maschinnen a Produkter déi a Garagë gebraucht ginn, sinn e wichtegen Deel vun den Aktivitéite vun der Sogeco ginn.

1951 gouf den Emmanuel Tesch, dem Grënner säin Eedem, Administrateur-délégué a Gerant vun der SOGECO. Hie blouf bis 2004 am Verwaltungsrot vun der Gesellschaft.

Enn 1961 huet d'SOGECO als majoritairen Aktionär mat 6 Associéen de Comptoir Technique et Industriel S.A. gegrënnt. Déi nei Gesellschaft huet ënner anerem d'exklusiv Representatioun fir industriell Tudor-Batterien zu Lëtzebuerg vun der SOGECO iwwerholl. Spéider huet d'SOGECO sech awer aus der Firma zeréckgezunn.[2]

Auto-Tecnic an Alltec[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1967 sinn déi kommerziell Aktivitéite vun der SOGECO, no enger Rei vu Fusiounen an Acquisitiounen, an d'Gesellschaft Auto-Tecnic ausgelagert ginn. D'Auto-Tecnic gouf 1979 Importateur vun der däitscher Firma fir SSI-Schäfer, déi Bürosmiwwel an Ekipementer fir Lagerhalen a soss Stockagesystemer produzéiert.

Nodeem déi Aktivitéite par Rapport zum Handel mat Autosersatzstecker ëmmer méi wichteg ginn ass, huet d'Auto-Tecnic 2001 den Numm an Alltec Solution Provider S.A. geännert.[3] Mam Enn vun 2012, huet d'Gesellschaft all kommerziell Aktivitéiten agestallt.[4]

Am Joer 2008 huet d'Alltec d'A.C.I.E.R. SARL vu Bartreng, déi mat Produkter fir d'Landwirtschaft, de Gaarden- a Wäibau, Salz an Déierefudder handelt, opkaf.

SOGEVA S.A.[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1998 huet d'SOGECO hiren Numm a SOGEVA, d'Ofkierzung vu Société de Gestion de Valeurs mobilières et immobilières S.A., geännert. Eng Firma mam selwechten Numm gouf et schonn vun 1933 bis 1991.[5]

Parallel huet d'SOGEVA awer och eng nei Gesellschaft mam Numm SOGECO, déi Kéier als Ofkierzung vu Société générale pour le Commerce S.A., gegrënnt. 2007 huet déi Gesellschaft hiren Numm a Sogeva Participations S.A. geännert.[6]

Déi al SOGECO, elo SOGEVA, gouf parallel 2008 an Square Churchill 5 ëmgedeeft. Déi gouf am Kader vum Verkaf vun engem grousse Gebai um Square Churchill un d'Affekotenetüd Elvinger, Hoss & Prussen sou organiséiert. Well d'Gesellschaft an net d'Gebai un d'Etüd verkaf gouf, ass keng Enregistrementstax ugefall.

Duerno gouf dunn déi SOGECO déi 1998 gegrënnt gi war a SOGEVA S.A. ëmbenannt.

D'SOGEVA ass eng Investissiounsgesellschaft. An hirem Verwaltungsrot sëtzen 2011 de François Tesch, de Philippe Worré, den Dominique Laval, de Serge Libens, de Charles-Louis Ackermann an den John Penning.[7]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII, 1963, S. 582
  2. Luxemburger Wort: "Le CTI fête son 50e anniversaire", 21. Dezember 2011, S. 42
  3. Publicitéit vun Alltec an der Broschür “Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois 2006”, ACEL, Lëtzebuerg, 2006, S. 60 (http://www.acel.lu/files/pdf/reel/reel06-stroossbuerg.pdf)
  4. https://web.archive.org/web/20130421070852/http://www.alltec.lu/ (opgeruff de 25. Februar 2013)
  5. http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=Sogeco&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2011&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2011&sl_d2=11&sl_m2=11&sl_y2=2011&page_len=100&page_no=1&idm=19192200043&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
  6. Archive copy Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-11-11.
  7. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2011/C/Html/2519/2011125472.html