Sagbuts Quintet

Vu Wikipedia
De Sagbuts Quintet

De Sagbuts Quintet ass e klassesche Blechbléiserensemble besat mat zwou Trompetten, engem Cor, enger Trombonn an enger Bass-Tuba.

Am Joer 2001 huet de Blaise Stélandre, Trompetteproff am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck ee Bléiserquartett aus e puer Anciens vum Conservatoire op d'Bee gestallt. No e puer Optrëtter an der noer Ëmgéigend ass aus dem Quartett ee Quintett ginn.

Den Numm Sagbuts Quintet bezitt sech op eent vun den éischte Stécker, dat de Quintett zesumme gespillt huet, "Two Ayres for Cornetts & Sagbuts" vum John Adson. Net nëmmen, datt d'Aussprooch vum Wuert Sagbuts an déi doraus resultéierend éischt Schreifweisen (Zagbuts, Tzackbuds, Zackbuz, Sackbuts, souguer Suck-butts) de Membere gefall huet, dëst Stéck ass och bis haut den Opener vun all Optrëtt bliwwen.

Dat englescht Wuert Sagbut ass iwweregens vun der franséischer Saqueboute ofgeleet, engem Blosinstrument aus dem 15. Joerhonnert, dat e Virreider vun der haiteger Trombonn ass. Etymologesch setzt sech d'Wuert Saqueboute aus de Verben "saquer" = zéien an "bouter" = drécken zesummen, als Allusioun un déi typesch Drécken-Zéien-Beweegung vun der Coulisse beim Spill vun der Trombonn.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Joé Kayser (Trompett)
  • Marc Nesen (Cor)
  • Sigi Garson (Bass-Tuba)
  • Mike Schaltz (Trombonn)
  • Marc Rodesch (Trompett)

Leit, déi dem Quintett aushëllefen, respektiv ausgehollef hunn: Jean-Paul Feinen, Jean-Marie Thein, Michel Berns, Mike Lucas.

Repertoire & Kader[änneren | Quelltext änneren]

De Repertoire vum Sagbuts Quintet huet eng variabel Geometrie, aus klasseschen tonale Wierker a moderne rhythmeschen Arrangementer. Dës Geometrie passt sech dem jeeweilege Kader an der entspriechender Demande un.

De Repertoire vum Sagbuts Quintet:

De Quintet encadréiert Hochzäiten, Daffeieren, akadeemesch Sëtzungen, Aweiungen, Vernissagen an all méiglech Feierlechkeeten. D'Haaptuleies vun de Membere bleift awer dat reegelméissegt Spille vu Brassmusek an enger kollegialer Ambiance, bei där sech all Member individuel op dësem Gebitt entwéckelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]