Sagittarius-Zwerggalaxis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sagittarius-Zwerggalaxis
Deen zu der Sagittarius-Zwerggalaxis gehéierende Kugelstärekoup Messier 54 (Quell: NASA, ESA, and The Hubble Heritage Team (STScI/AURA).
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 18h 55m 19.5s
Deklinatioun - 30° 32' 42"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz dSph(t)
Wénkelduerchmiesser 450x216[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin2  +13,4
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Lokaler Grupp [2]
Distanz (Lj)  70.000 Lj
Routverrécklung  467  10-6
Radialvitesse  140 km/s [1]
Geschicht
Entdecker  Rodrigo Ibata
Mike Irwin
Gerry Gilmore
Entdeckungsdatum  1994
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen

Déi elliptesch Sagittarius-Zwerggalaxis (och SagDEG, fir Sagittarius Dwarf Elliptical Galaxy) ass eng kleng Nopeschgalaxis vun der Mëllechstrooss. Mat nëmme 70.000 Liichtjoer Distanz vun eisem Sonnesystem, also knapps d'Hallschent vun der Distanz zu de Magellanesche Wolleken, ass si no der Canis-Major-Zwerggalaxis déi zweetnächst Galaxis baussenzeg vun der Mëllechstrooss.

Si soll net mat der 4,2 Millioune Liichtjoer distanzéierter irregulärer Sagittarius-Zwerggalaxis (SagDIG, fir Sagittarius Dwarf Irregular Galaxy) verwiesselt ginn.

Distanz a Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Sagittarius-Zwerggalaxis ass, wéi och déi aner uewe genannt Nopeschgalaxien, e Satellit vun der Mëllechstrooss an ëmkreest den Zentrum vun der Mëllechstrooss an engem bal polaren Orbit. Déi haiteg Distanz vum Mëllechstroossenzentrum ass ongeféier 50.000 Liichtjoer, an d'Positioun vun der Äerd aus gesinn, läit no beim dichten zentralen Deel vun der Mëllechstrooss. Dementspriechend ass d'visuell Magnitude vun där Zwerggalaxis duerch d'interstellar Extinktioun extrem schwaach wouduerch si eréischt am Joer 1994 entdeckt gouf. Fir en Zäit vun zéng Joer gouf ugeholl, d'Sagittarius-Zwerggalaxis wier den nächsten Noper vun der Mëllechstrooss. Deen 'Titel' krut awer am Joer 2003 déi uewe genannt Canis-Major-Zwerggalaxis.

Bannenzeg Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Den dichtsten Deel vun der Sagittarius-Zwerggalaxis huet en Duerchmiesser vu ronn 10.000 Liichtjoer a bedeckt um Himmel e Gebitt vun iwwer 8 Grad Duerchmiesser. Deen Deel gläicht enger typescher elliptescher Zwerggalaxis, allerdéngs sinn duerch déi enorm Gezäitekräefte vill Membere schonn aus dem Kär erausgeléist a verdeele sech op engem laange Band um Galaxienorbit.

Déi ongeféier eng Milliard Stären, déi an der Sagittarius-Zwerggalaxis sinn, gehéieren haaptsächlech zur Populatioun II, d. h. si si méi al a metallaarm an zudeem huet d'Galaxis manner interstellar Matière, wéi et typesch fir elliptesch Zwerggalaxien ass. Béid Tatsaachen deiten drop hin, datt et eng al Galaxis ass.

Begleeder[änneren | Quelltext änneren]

D'Sagittarius-Zwerggalaxis huet en eegene Kugelstärekoup, nämlech de Messier 54. Dësen helle Kugelstärekoup ass schonn iwwer 200 Joer bekannt a (visuell) vill méi hell wéi d'Galaxis, well hien net vun interstellarem Stëbs verstoppt gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]