Sagittarius (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Sagittarius
Lëtzebuergeschen Numm Schëtze
Laténgeschen Numm Sagittarius
Laténgesche Genitiv Sagittarii
Laténgesch Ofkierzung Sgr
Lag Ekliptik
Rektaszensioun 17h 43m bis 20h 29m
Deklinatioun -11° 40’ bis -45° 15’
Fläch 867 Quadratgrad
Ze gesinn op Breedegraden 55° Nord bis 90° Süd
Bescht Observatiounszäitraum Summer
Unzuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
7
Hellst Stären,
Gréisst
ε Sagittarii,
(Kaus Australis)
1,79m 2,1m
Meteorstréim
Nopesch Stärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Aquila
Scutum
Ophiuchus
Scorpius
Corona Australis
Telescopium
Microscopium
Capricornus
Kaart vum Stärebild Sagittarius. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

De Sagittarius ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Schëtz ass dat südlechst Déierekreeszeechen a läit tëscht dem Scorpius an dem Capricornus.

Déi hellst Stäre vum Sagittarius bilden eng Form, déi un en Téibiz erënnert. Am engleschem Sproochraum gëtt dofir dacks och „Teapot“ gesot.

De Sagittarius läit am stäreräichsten Beräich vun der Mëllechstrooss. An dëser Richtung ass den Zentrum vun eiser Galaxis. Dofir fënnt een am Schëtz vill niwweleg Objeten, wéi oppe Stärekéip, Kugelstärekéip a Gasniwwel.

Duerch de Sagittarius zitt sech d' Ekliptik, dofir wanderen d'Sonn, den Mound an d'Planéiten duerch d'Stärebild. Et gehéiert zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer der Antikitéit verréckelt. D'Sonn hält sech vum 17. Dezember bis zum 20. Januar am Schëtz op.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Stärebild Sagittarius

Den Ursprong vum Stärebild geet wahrscheinlech op e fréiert Reidervollek zréck, a gouf vun de Sumerer iwwerholl.

Bei den Babylonier verkierperen d'Stären Pabilsag, e Gott mat engem Léiwekapp a Flilleken.

Fir d'Egypter an d'Inder stellt d'Stärebild e Reider oder e Bouschëtz duer. Bei de Griichen an der Antike existéieren ënnerschiddlech Deitungen. Sou gesäit een doran e weideren Zentaur Centaurus um Himmel oder de Krotos, e Mënsch, deen d'Konscht vum Bouschéissen erfonnt huet.

De Schëtz gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller, déi vun Ptolemäus beschriwwe goufen.

Am Joer 1932 entdeckt den Karl Jansky am Sagittarius eng staark Radioquell Sagittarius A*. No dem haitege Fuerschungsstand handelt et sech dobäi ëm ee supermassivt Schwaarzt Lach mat ongeféier 3,7 Milliounen Sonnenmassen am Zentrum vun der Mëllechstrooss.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
ε 20 Kaus Australis 1,79m 145 B9.5 III
σ Nunki 2,05m 224 B2.5 V
ζ 38 Askella 2,60m 89 A3 IV
δ 19 Kaus Medius 2,72m 306 K3 III
λ 22 Kaus Borealis 2,82m 77 K1 IIIb
π 41 Albaldah 2,88m 440 F2 II/III
γ2 10 Al Nasl oder Nash 2,98m 96 K0 III
η 3,10m 149 M2 III
φ 27 3,17m 231 B8.5 III
τ 40 3,31m 120 K1 / K2III
ξ2 37 3,52m 372 G8 / K0II/III
ο 39 Manubrij 3,76m 139 K0 III
μ 13 Polis 3,84m B2 III
ρ1 44 3,92m 122 F0 III/IV
α Rukbat 2,98m 170 B8 V
β1 Arkab Prior 3,96m 378 B9 V
ι 4,12m 189 K0 III
β2 Arkab Posterior 4,72m 139 F2 III
θ1 4,37m 618 B2.5 IV
V3872 4,43m 448 M4 III
υ 46 4,52m 1673 F2p
3 X 4,53m 1077 F7 II
b1 59 Terebellum 4,54m 1208 K3 III
HR 6766 4,55m 348 K0 III Cnpvar
h2 52 4,59m 189 B8 / B9V
HR 6842 4,66m 700 K3 III
γ1 4,66m 2078 G0 Ib/II
ω 58 Terebellum 4,74m 78 G3 / G5 III
4 4,74m 437 B9 V
HR 7652 4,77m 405 K4 III
21 4,81m 597 A1 / A2V
60 4,84m 341 G8 II/III
ν1 32 Ain al Rami 4,86m 1853 K1 II
ψ 4,86m 330 K0 / K1III
HR 7029 4,86m 451 B2 V
f 56 4,87m 205 K0 III
d 43 4,88m 536 K0 III
11 4,96m 244 K0III
HR 7659 4,99m 325 K1 III/IV
ν2 35 5,00m 270 K1 Ib/II
HR 6693 5,00m 935 K5 / M0III
61 5,01m 292 A2 V
χ1 47 5,02m 221 A4 IV/V
ξ1 36 5,02m 5018 B9.5 Ib
e2 55 5,06m 175 F3 IV/V
HR 6944 5,12m 213 B9 / B9.5 V
29 5,22m 750 K2 III
HR 6960 5,28m 2234 B2 III/IV
15 5,29m B0/1Ia/ab
θ2 5,30m 157 A4 / A5IV
HR 7703 5,32m 20 K2 V
V3961 5,32m 339 A0p
V4050 5,33m 619 B7 Ib/II
7 5,37m 1106 F2 / F3 II/III
HR 6936 5,37m 350 A5 V
28 5,37m 1279 K5 III
χ3 5,45m 506 K3 III
HR 7454 5,46m 101 F7 V
HR 7398 5,46m 254 K1 / K2 III
14 5,49m 506 K2 III
24 5,49m 3434 K3 III
HR 7496 5,49m 120 F5 V
HR 7211 5,49m 546 A0 V

Den hellste Stär am Schëtz ass den ε Sagittarii. E "steet" op enger Distanz vun 145 Liichtjoer an ass e bloe Risestär mat der 250facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Am Teleskop erschéngt hien als Duebelstär. An engem Ofstand vun 3,3 Bouminutte gëtt e Stär vun der 7. Gréissteklass siichtbar. Et handelt sech allerdéngs net ëm ee Stäresystem. Déi zwéi Stäre leien, vun der Äerd aus gesinn, an derselwechter Richtung.
Den Numm Kaus Australis ass aus dem laténgeschen an arabeschen zesummegesat a bedeit „Südleche Bou“.

De σ Sagittarii, och e bloe Ris, läit op enger Distanz vun 245 Liichtjoer .

Den Numm Nunki geet op de Gott vun der Sumerer zréck.

De ζ Sagittarii dréit op enger Distanz vun 89 Liichtjoer. Et ass e Stär dee wäiss liicht, vun der Spektralklass A3.
Den Numm Askella bedeit „Achsel“ (vum Schëtz).

Deen orange γ2 Sagittarii ass 96 Liichtjoer ewech a gehéiert der Spektralklass K0 III un.
Den Numm Alnasl kënnt aus dem arabeschen an heescht sou vill wéi „Feilspëtzt“ .

Den α Sagittarii ass net, wéi meeschtens, den hellste Stär vum Stärebild, mä nëmmen e Stär vun der 3. Gréissteklass. Hie steet op enger Distanz vun 170 Liichtjoer. Säin Numm Rukbat kënnt aus dem Arabeschen a bezeechent de „Knéi“ vum Schëtz.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréisst Ofstand
μ
υ

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
R 6,7 bis 12,8m 268,8 Tage Mira-Typ
W 4,3 bis 5,1m 7,595 Deeg Cepheiden
X 4,3 bis 4,9m 7,011 Cepheiden
RY 6,0 bis 15m R-Corona-Borealis-Stär
RR 6 bis 14m 334,6 Mira
RU 6 bis 14m 240,3 Mira

W an X Sagittarii si verännerlech Stäre vum Typ Cepheiden. Dës Stäre pulséieren regelméisseg a veränneren dobäi hir Hellegkeet.

RR und RU Sagittarii si Verännerlecher vum Typ Mira. Stäre vun dësem Typ weisen iwwer laang Zäitraim staark Hellegkeetsschwankungen op.

Messier- anNGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC diverse Gréisst Typ Numm
M 8 6253 Lagunenniwwel 5,8m Gasniwwel
M 17 6618 7,0m Gasniwwel Omeganiwwel, Schwanenniwwel
M 18 6613 6,9m Oppene Stärekoup
M 20 6514 8,5m Gasniwwel Trifidniwwel
M 21 6531 5,9m Oppene Stärekoup
M 22 6656 5,1m Kugelstärekoup
M 23 6949 5,5m Oppene Stärekoup
M 24 4,6m Usammlung vu Stären
M 25 IC 4725 4,6m Oppene Stärekoup
M 28 6626 5,1m Kugelstärekoup
M 54 6715 7,6m Kugelstärekoup
M 55 6809 6,4m Kugelstärekoup
M 69 6637 7,6m Kugelstärekoup
M 70 6681 8,0m Kugelstärekoup
M 75 6864 8,5m Kugelstärekoup
6637 7,6m Kugelstärekoup
6522 8,6m Oppene Stärekoup
6544 8,3m Kugelstärekoup
6546 8,0m Oppene Stärekoup
6553 8,3m Kugelstärekoup
6568 8,6m Oppene Stärekoup
6595 7,0m Oppene Stärekoup
6645 8,5m Oppene Stärekoup
6649 8,9m Oppene Stärekoup
6652 8,9m Oppene Stärekoup
6716 7,5m Oppene Stärekoup
6723 7,3m Kugelstärekoup
6818 10,0m Planetareschen Niwwel
6822 8,8m Galaxis Barnards Galaxis

Am Schëtz ass eng Villzuel vu niwwelege Objeten ze gesinn. 15 Stéck huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl. De Schëtz ass domat dat Stärebild mat deene meeschten „Messierobjeten“.

D'Stären, d'Gas- an Donkelwolleke vun der Mëllechstrooss verspäeren allerdéngs d'Siicht op weider Objete, déi méi wäit ewech leien. Dofir ass am Schëtze nëmmen eng hell Galaxis ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sagittarius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie