Saint-Gilles (Léck)

Vu Wikipedia
Saint-Gilles
Verwaltung
Land Belsch
Regioun Wallounien
Gemeng Léck
Geographie
Koordinaten 50°42'N, 5°31'O
Transport
Bus TEC Linn 20,21,22,23.


De Quartier Saint-Gilles zu Léck ass e Quartier deen direkt un den Zentrum vun der Stad stéisst.

De Quartier Saint-Gilles ass besonnesch bekannt duerch d' Rue Saint-Gilles eng vun de gréisste Geschäftsstrossen zu Léck. Bis an d'sechzeger Jore war et déi schéinst Geschäftstrooss mat ville qualifizéierten Antiquairen, Galerien a Bijoutieren. An der rue Saint-Gilles fënnt en haut nach ee vun de beschte belsche Pralinefabrikanten de Franz

An dësem Quartier ass och d' Haute école commerciale vu Léck an den Institut supérieur d'Architecture Lambert Lombart.

De Quartier Saint-Gilles gëtt am Oste begrenzt duerch de Boulevard d'Avroy, vun deem d' Rue Saint-Gilles fortgeet.

Am Süde läit de Quartier Guillemins mat der Gare Liége-Guillemins, an am Westen de Quartier Laveu mat enger Autobunnsopfaart op de Contournement vu Léck.

Am Norde stéisst Saint-Gilles un de Quartier Jonfosse mat der Gare Liège-Jonfosse an un de Quartier Saint-Laurent mat engem grousse Militärspidol, dem Institut Saint-Laurent an dem Quartier militaire.