Saint-John Perse

Vu Wikipedia
Saint-John Perse
Gebuertsnumm Marie René Auguste Alexis Léger
Pseudonym Saint-John Perse, Saint Leger Leger
Gebuer 31. Mee 1887
Pointe-à-Pitre
Gestuerwen 20. September 1975
Hyères
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Bordeaux
Aktivitéit Dichter, Iwwersetzer, Diplomat, Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Dorothy Russelová


De Saint-John Perse, gebuer als Alexis Leger den 31. Mee 1887 zu Pointe-à-Pitre op Guadeloupe, a gestuerwen den 20. September 1975 zu Giens, war e franséischen Dichter, Diplomat an Nobelpräisdréier fir Literatur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alexis Leger huet seng Kandheet op de Franséischen Antillen verbruecht. 1899 ass e mat senger Famill an d'Metropol wunne gaangen, wou en Droit a Politikwëssenschaften op der Universitéit Bordeaux an zu Paräis studéiert huet.

1914 goung en an den diplomateschen Déngscht a gouf 1916 Legationssekretär zu Beijing, an ass a Korea, d'Mongolei an a Japan gereest. Nom Éischte Weltkrich gouf e Conseiller vum franséischen Ausseminister Aristide Briand. 1929 gouf en Directeur des Affaires politiques am Ausseministère, wouvun en 1933 Generalsekretär gouf.

1940 huet e beim Amarsch vun den Däitsche seng Plaz verluer. Hie krut d'franséisch Nationalitéit oferkannt a säi Verméige gouf onfiskéiert. Doropshin ass en an d'USA emigréiert, wou e Conseiller fir d'Library of Congress gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf en a Frankräich rehabilitéiert. Hien ass awer eréischt 1957, als Dichter Saint-John Perse, a Frankräich zeréckgaangen.

1960 huet de Saint-John Perse den Nobelpräis fir Literatur fir seng Gedichter kritt.

Wierker (Auswwiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Éloges (dodra sinn: Images à Crusoé, Pour fêter une enfance, Éloges), 1911.
  • Anabase, 1924.
  • Amitié du Prince, 1924.
  • Chanson du Présomptif, 1924.
  • Exil, 1942.
  • Poème à l'Étrangère, 1943.
  • Pluies, 1943.
  • Neiges, 1944.
  • Quatre poèmes (1941-1944)dodran: Exil, Pluies, Neiges a Poème à l'Étrangère, 1944.
  • Berceuse, 1945 .
  • Vents, 1946.
  • Amers, 1948.
  • Chronique.
  • Poésie, Ried beim Banquet fir den Nobelpräis, zu Stockholm den 10. Dezember 1960.
  • Oiseaux, 1962.
  • Chant pour un équinoxe, 1975.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joëlle Gardes: Saint-John Perse. Les rivages de l'exil. Biographie. Éd. Aden, Croissy-Beaubourg 2006, ISBN 2-84840-081-1
  • Mireille Sacotte: Alexis Léger, Saint-John Perse. Belfond, Paris 1991. Reprint L'Harmattan, Paris 1997, ISBN 2-7384-6121-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-John Perse – Biller, Videoen oder Audiodateien