Saint-Martin (Insel)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Diagramm: Uewen de franséischen ënnen den hollänneschen Deel
Saint Martin vum Satellit aus gesinn
Airport SXM.jpg
Kool baai, Sint Maarten

Saint-Martin (hollännesch: Sint Maarten) ass eng tëschent Frankräich an Holland gedeelten Insel an der Karibik a gehéiert zu der Grupp vun den Inselen iwwer dem Wand.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

D'Insel huet eng Fläch vun 93 km² Den héchste Punkt ass de Pic du Paradis mat enger Héicht vu 411 m i. N.N..

[änneren] Geschicht

D'Insel gouf op Mäertesdag, dem 11. November 1493, duerch de Christoph Kolumbus entdeckt.

1648 gouf d'Insel gedeeelt, nodeems franséisch an hollännesch Krichsgefaangener hir spuenesch Giichtecher verdriwwen haten. Der Legend no hunn déi Deportéiert d'Insel ënnert sech opgedeelt, andeems en Hollänner an e Fransous eng Course ronderëm d'Insel gemaach hunn. D'Fransousen hun den Norde kritt, d'Hollänner de Süden. Zënterhir koexistéieren déi zwee Deeler friddlech mateneen.

An den 1990er Joren gouf St. Martin 6 Mol vun Hurrikane ravagéiert.

[änneren] Kuriéises

De Princess Juliana Fluchhafen um hollänneschen Deel vun der Insel läit direkt bei der Plage. Bekannt si Fotoe vun Touristen am Sand, iwwert déi a just e puer Meter Héicht grouss Fligere fléien.

[änneren] Politesche Status

D'Insel ass politesch an zwee gedeelt:

[änneren] Saint-Martin, Frankräich

Den Norden heescht Saint-Martin an ass eng franséisch Collectivité d'Outre-mer. Bis 2007 war et Deel vum franséischen Departement Guadeloupe.

En huet eng Fläch vun 59 km² an 31.397 Awunner (2002).

Den Territoire ass eng eenzeg Gemeng. Zesumme mat der Nopeschinsel Saint-Barthélemy bilt en d' Arrondissement des Îles du Nord.D'Gemengenhaus steet zu Marigot; aner Uertschafte si Grand-Case, Colombier, Cul-de-sac a Quartier d'Orléans. Als Deel vun engem franséischen Iwwerséidepartement ass Saint-Martin Deel vun der Europäescher Unioun an huet als Währung den Euro.

[änneren] Sint Maarten

De Süden heescht Sint Maarten. Zënter dem 10. Oktober 2010 huet dësen Territoire, mat Curaçao a mat Holland, de Status vu engem autonome Land am Kinnekräich Holland. Virdru war SintMaarten Deel vun den Hollänneschen Antillen.

Op dësem Deel vun der Insel leeë Croisièren un. D'Haaptstad heivunner ass Philipsburg. Sint Maarten huet eng Fläch vu 34 km² an 32.000 Awunner (2002). Als Währung gëllt hei den Antillen-Gulden, Euroe ginn awer och akzeptéiert. Och zu Dollarschäiner seet keen nee.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Saint Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen