Saint-Nicolas-en-Forêt

Vu Wikipedia
Saint-Nicolas-en-Forêt
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville-Ouest
Kanton Hayange
Postcode 57290
Koordinaten 49° 18’ 49’’ N
      06° 04’ 44’’ O
Fläch  104 ha

Saint-Nicolas' ass eng Aarbechtercité déi vun 1950 un um Plateau vu Morlange op enger Héicht vun 290 Meter am Weste vun Hayange opgeriicht gouf. Am Joer 1952 sinn déi éischt Familljen an d'Haiser wunne komm.

Vun de 475 opgeriichte Wunnengen, louchen der 25 um Territoire vun der Gemeng Fameck an de Rescht op der Gemeng Ranguevaux. Dëst war eng komplizéiert Situatioun fir d'Leit déi do gewunnt hunn, besonnesch well déizäit d'Autoen nach rar waren, an d'Awunner sech fir all administrativ Ugeleeënheeten wäit hu missen déplacéieren.

No munnech Petitioune gouf schliisslech decidéiert, datt St. Nicolas wou méi Leit gewunnt hunn, wéi an den alen Uertschafte vun den zwou Gemengen, sollt eng eege Gemeng ginn.

Sou gouf den 1. Januar 1958 op enger Fläch vun 104 ha déi nei Gemeng gegrënnt. De 27. Februar dat selwecht Joer huet den éischte Gemengerot seng Funktiounen ugetrueden.

Saint Nicolas gouf haaptsächlech gebaut fir den Aarbechter vun der SOLLAC am Fenschdall Wunnenge kënnen unzebidden. D'Leit déi an d'Wunnengen agezu sinn koumen aus allen Ecke vu Frankräich, aus verschiddenen europäesche Länner an aus dem Norde vun Afrika.

Vu 450 Famillen déi am Joer 1960 zu Saint-Nicolas gewunnt hunn, koumen der 128 aus dem Norde vu Frankräich, 87 aus dem Osten, 39 vun der Île-de-France, 26 aus dem Midi, 18 aus dem Zentrum an 33 aus anere Länner. Déi auslännesch Bevëlkerung, aus Europa, huet haaptsächlech aus Italieener a polneschen Aarbechter bestanen. 1968 koumen e puer spuenesch Famillen dobäi. Aus Nordafrika koume Marokaner an Algerier.

Vun all den Awunner waren 88 % Stackfransousen, 7 % Auslänner, a 5 % frësch Naturaliséierter.

Zanter 1970 ass Saint-Nicolas en Deel vun der Gemeng Hayange

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]