Saint-Pierre a Miquelon

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Saint-Pierre a Miquelon ass eng kleng Inselgrupp ëstlech vun der kanadescher Küst, ronn 25 Kilometer virun Neifundland. Et liewen do liicht méi wéi 6.000 Mënschen, haaptsächlich vu Fëscherei an Tourismus; d'Haaptstad ass Saint-Pierre.

D'Insele stellen dat duer wat schliisslech vun der frannséischer Kolonie Neifrankräich iwwereg bliwwen ass, a sinn haut als franséischt Iwwerséigebitt u Frankräich gebonn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Inselgrupp besteetaus den Inselen Saint-Pierre (26 km²), Miquelon (110 km²), Langlade (91 km²) a weidere méi klengen Inselen an huet eng total Fläch vun 242 km². Fréier waren d'Inselen Miquelon a Langlade getrennt, haut si se mat enger schmueler Landsträif verbonnen a gi eenheetlech als Miquelon bezeechent. An dësem Gebitt liewen ongeféier 6.316 Awunner (Saint-Pierre: 5.618 Awunner, Miquelon zesummen mat Langlade: 698 Awunner).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Pierre and Miquelon – Biller, Videoen oder Audiodateien