Sainte-Menehould

Vu Wikipedia
Sainte-Menehould
D'Gemeng

D'Gemeng
D'Gemeng
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51507
Koordinaten 49° 05’ 27’’ N
      04° 53’ 53’’ O
Fläch  5 711 ha
Bevëlkerung  4 979 (1999)

Sainte-Menehould ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est. Et ass d'Haaptstad vun der Argonne. D'Awunner heesche Ménehildiens.

Sainte-Menhould läit um Rand vun der Forêt d'Argonne um Fouss vun enger Kopp mat dem Numm Butte de Glaize, an op den Uwännere vun der Aisne an der Auve.

D'Stad ass bekannt doduerch, datt de Louis XVI., do op senger Flucht 1791 erkannt gi war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes.

Iessenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'kulinaresch Spezialitéit vu Sainte-Menehould si Schwéngsféiss, déi Amateure vun deem Kascht, sech net solle laanscht Nues goe loossen. Den Alexandre Dumas huet se a sengem Grand Dictionnaire de la cuisine beschriwwen a bekannt gemaach.

Bekannt Leit déi mat der Stad ze dinn hunn[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]