Sainte-Solange

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sainte-Solange
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Centre.svg Centre
Departement Wopen Cher.png Cher
Arrondissement Bourges
Kanton Les Aix-d'Angillon
Code Insee 18235
Postcode 18220
Koordinaten 47° 08' 14" N
02° 33' 02" O
Fläch Uertschaft  3 185 ha
Bevëlkerung Uertschaft  1 304 (1999)

Sainte-Solange ass eng franséisch Gemeng am Departement Cher an der Regioun Centre. Sainte-Solange läit am Nord-Oste vu Bourges am Dall vum Ouatier, en Niewefloss vun der Yèvre.

Bis an d'9. Joerhonnert huet Sainte-Solange Saint-Martin-de-Crot geheescht, an huet zum Kapitel vun der Kathedral vu Bourges gehéiert. Haut heescht nach just d'Haaptstrooss an der Uertschaft esou. De Martyrium vun der Schéiferin Solange ass d'Origine vum haitegen Numm vun der Gemeng.

Et ass déi eenzeg Uertschaft am Berry, déi den Numm vun der Patréinesch vun der Géigend dréit.

Nopeschgemengen [änneren]

Ernimmenswäertes [änneren]

  • Iwwerreschter vu gallesche Griewerplazen op der Plaz Fertisses.
  • De Kiem vu Bourges op Saint-Satur
  • D'romanesch Kierch Sainte-Solange an hiren Tuerm mat der grousser Paart.
  • D'Kapell mat dem Numm Chapelle du Champ du Martyre aus dem 19. Joerhonnert ongeféier 1 km baussent dem Duerf.
  • Prëssiounen
    • Den 10. Mee um Fest vun der Patréinesch ass eng Prëssioun vun de Leit aus der Gemeng.
    • Päischtméindes ass eng Prëssioun vum Bistum Bourges, bei där den Äerzbëschof vu Bourges berbäi ass, an och d'Mass hält.

Legend vun der Helleger Solange [änneren]

Uertschaft virdrun
Brécy
Jakobswee
08 Coquille.jpg
Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Bourges