Sakuski

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zakuski

Als Sakuski (закуски) bezeechent een op Russesch kal Hors-d'œuvren, Snacken, an Amuse-bouchen, déi virun enger Moolzecht zerwéiert ginn. Dacks gi se am Stil vun engem Buffet presentéiert, mat Charcuterie, Fësch (absënns Hierken), agemaachtem Geméis (Essegkornischongen, Sauermous, Rout Rommelen, Auberginen), Schnittercher (och mat Kaviar), Piroggen oder Mayonnaise-Zaloten.

Sakuski hunn e grousse Stellewäert an der Russescher an der Armenescher Kichen, absënns bei Receptiounen, wou se da gemenkerhand an engem anere Raum wéi deem vun der Moolzecht zerwéiert ginn.

A Restaurante fënnt een och alt emol eng waarm Entrée: eng mat Kéis iwwerbake Champignons-Julienne.