Salomonen
D'Salomonen, op Englesch: Solomon Islands, ass e Staat an Ozeanien.
Inhaltsverzeechnes |
Staats- a Regierungsform [änneren]
D'Salomonen sinn eng parlamentaresch Monarchie, déi sech op d'Konstitutioun vun 1978 stäipt. Hei wunnen 477.000 Leit, d'Haaptstad vun de Salomonen ass Honiara.
Geographie [änneren]
D'Salomonen leien 160 Grad Ost, 9 Grad Süd vum Equator, an ëmfaassen 992 Inselen, vun deenen allerdéngs der nëmmen 147 bewunnt sinn. Dëst ëmstreckt eng Süd- Ost Zone vun 1448 km, a léit tëschent Papua-Neiguinea an Vanuatu. D'Fläch vum ganzen Archipel ëmfaasst 461.000 km2, wouvun nëmmen ee Brochdeel Landmass ass. Et gëtt sechs gréisser Inselen, Choiseul, New Georgia, Santa Isabel, Guadalcanal, Malaita a Makira.
Geschicht [änneren]
Et gëtt ugeholl datt d'Salomonen tëscht 4.000 an 5.000 viru Christus vu Südostasien aus besidelt goufen. Eréischt am 16. Joerhonnert sinn d'Europäer op d'Salomonen opmierksam ginn. 1568 ass de Spuenier Alvaro de Mendana op Guadalcanal komm, an wéi hien do Gold entdeckt hat, huet e gemengt et wier dem legendäre Kinnek Salomon säi Schatz. Sou ass d'Insel dunn och zu hirem Numm komm. 1893 huet sech Groussbritannien dunn New Georgia, Guadalcanal, Makira an Malaita ënner den Nol gerappt. 1896 ass Tulagi zur Protectorat-Haaptstad gemaach ginn. Déi aner Haaptinselen si lues a lues bis 1900 derbäikomm.
Während dem Zweete Weltkrich hu sech dunn d'Japaner an d'Brite ëm d'Insele gestridden, an hunn eng sëllëche Schëffswracken hannerloss. Gläichzäiteg hunn d'Insele vun der Infrastruktur déi do vun der Arméi opgeriicht gouf, dat ware Landebunne fir Fligere a Stroossen, profitéiert.
De 7. Juli 1978 war et dunn souwäit, d'Salomonen kruten hir Onofhängegkeet vun de Briten.
Zwanzeg Joer mei spéit, 1998 si Feindseelegkeeten op Guadalcanal tëscht verschiddene Volleksstämm ausgebrach. Australien an aner Pazifik- Noperen hunn am Juli 2003 d'RAMSI (Regional Assistance Mission to Solomon Islands) an d'Liewe geruff, an zënter do ass et erëm roueg ginn.
Am Moment ass eng legitim gewielt Regierung um Pouvoir.
Bevëlkerung [änneren]
D'Leit geheieren zu der melanesescher Volleksgrupp. Zu där geheieren och d'Leit vu Papua-Neiguinea, Vanuatu, Neikaledonien a Fidschi. Hautdesdaags liewe 70 bis 80% vun de Leit a klengen Dierfer, baussent de groussen Agglomeratiounen. D'Salomonen sinn an néng Provënzen, an an den Haaptstadbezierk Honiara agedeelt:
| Provënz | Haaptstad | Fläch km² |
Awunner | |
|---|---|---|---|---|
| 1 | Central | Tulagi | 794 | 21.577 |
| 2 | Choiseul | Taro | 3.837 | 20.008 |
| 3 | Guadalcanal | Honiara | 5.336 | 60.275 |
| 4 | Isabel | Buala | 3.500 | 20.421 |
| 5 | Makira an Ulawa | Kirakira | 3.188 | 31.006 |
| 6 | Malaita | Auki | 4.425 | 122.620 |
| 7 | Rennell a Bellona | Tigoa | 671 | 3.500 |
| 8 | Temotu | Lata | 895 | 18.912 |
| 9 | Western | Gizo | 5.475 | 68.000 |
| 3* | Haaptstadbeziërk | Honiara | 22 | 49.107 |
| Salomonen | Honiara | 28.143 | 292.806 |
Flora a Fauna [änneren]
Déi gréisst Insele vun de Salomonen si vu vulkaneschem Urspronk a mat üppegen tropesche Bëscher bewuess . Et gëtt geschat datt et do 4.500 Planzen- an 173 Déierenaarte gëtt. Wéinst der entleeëner Lag, si vill Déieren endemesch, dat heescht et gëtt se nëmmen op där Plaz.
Relioun [änneren]
Ronn 95% vun den Awunner si Chrëschten:
|
Mëttlerweil kommen och nei Reliounen derbäi:
Economie [änneren]
D'Wirtschaft vun de Salomonen ass kräfteg um Wuessen, souguer am Krisejoer 2009. Am Joer 2007 ass d'Economie souguer ëm 10% gewuess. 2006 war de BIP/Awunner bei 775 US$. Den Haaptundeel vun der Bevëlkerung schafft an der Landwirtschaft. Een Deel vum staarke Wuesstum ass och dem RAMSI ze verdanken. 2010 soll och eng Goldminn zu Guadalcanal gestart ginn. D'Solomon Taiyo Company ass ee wichtegen Exportateur vun Thon.[1]
Klima [änneren]
D'Salomonen si semi-tropesch, haaptsächlëch waarm a fiicht, mat konstanter Temperatur, vun 26-28 °C. Déi fiichtste Saison ass vun November bis Abrëll, wou och mol deen een oder aneren Tropestuerm kann opkommen. Deen naasste Mount ass de Mäerz mat méi wéi 300 mm, während de Juni am dréchensten asa, mat nëmmen 80mm Reen[2].
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Salomonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenya - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Malediven - Malta - Mauritius - Mosambik - Namibia - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua-Neiguinea - Saint Kitts an Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinen - Sambia - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Salomon-Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swasiland - Tansania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu