Samette Revolutioun

Vu Wikipedia
Prager Wenzelsplaz, spéiden November 1989: Leit leeë Blummen a Calicoten nidder a fänke Käerzen un op där Plaz, wou de Jan Palach sech 1969 selwer verbrannt hat - wat bis kuerz virdru streng verbuede war.

Mat Samette Revolutioun (tschechesch: sametová revoluce) ginn déi - sou gutt wéi onbluddeg, dofir de Begrëff "sametten" - Ëmstänn beschriwwen, ënner deenen an de leschte 6 Woche vum Joer 1989 an der Tschechoslowakei (CSSR) déi kommunistesch Staatsféierung duerch de friddlechen Drock vun der Strooss aus hirem Amt gedriwwe gouf a mat engem pluralistesche System ersat gouf.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

De 17. November 1989 hunn eng 15.000 Studenten zu Prag eng friddlech Commemoratiounsmanifestatioun organiséiert, fir un de Jan Opletal z'erënneren, deen 1939 vun den Nazien erschoss gi war. Si sinn awer un d'Bereedschaftspolice geroden, déi d'Manifestatioun mat Knëppelen auserneegebeetscht huet. Den 20. November sinn d'Studenten nees op d'Strooss gaangen, an den Obcanské forum, de Biergerforum, gouf vum Schrëftsteller Václav Havel a vum Ekonomist Václav Klaus gegrënnt. Et koum zu Streiken op den Héichschoulen, an den Theateren, Fabrécken, Spideeler, Büroen a Schoulen.

De 24. November 1989 hunn den Alexander Dubček (deen 1968 am Prager Fréijoer d'Land reforméiere wollt), de Kardinol František Tomášek an de Václav Havel um Balcon vun der Sozialistescher Parteizeitung Svobodné Slovo op der Wenzelsplaz Riede gehalen. D'Honnertdausende vu Leit op der Plaz, déi nogelauschtert hunn, hu mat hire Kluddere Schlëssele gerëselt, fir ze symboliséieren, datt et fir de kommunistesche Regime "gelaut" huet. Et koum duerno zu weidere Protestdemonstratiounen, déi gréisst dovun op der Letna-Wiss, an zum Generalstreik. Ënner dësem Drock huet d'Regierung vum Ladislav Adamec ugefaangen, mam Biergerforum ze verhandelen, a probéiert, ze rette wat ze rette war. Mä se huet ënner dem Masseprotest, deen ëmmer méi staark gouf, ëmmer méi missen noginn: d'Ofschafe vum Flichtfach "Marxismus-Leninismus" am Schoulwiesen, d'Reesfräiheet an Éisträich an duerno déi aner westlech Länner, d'Sträiche vum Féierungsusproch vun der Kommunistescher Partei an der Verfassung, asw. D'Resultat war eng nei Regierung, déi den 10. Dezember vum President Gustáv Husák (deen zanter dem Nidderschloe vum Prager Fréijoer 1968 un der Muecht wat) ernannt gouf, an an där d'Majoritéit keng Membere vun der KP waren. De selwechten Dag ass den Husák zeréckgetrueden.

Den 29. Dezember 1989 gouf den Havel duerch d'Parlament zum neie President vun der Tschechoslowakei gewielt.

Bei de Parlamentswalen am Juni 1990 krut d'Biergerforum d'Legitimatioun vum Vollek iwwerdroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Samette Revolutioun – Biller, Videoen oder Audiodateien