Samuel Hirsch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Samuel Hirsch.

De Samuel Hirsch, gebuer den 8. Juni 1815 zu Thalfang am haitege Rheinland-Pfalz (deemools Preisen) a gestuerwen de 4. Mee 1889 zu Chicago, war en däitsch-lëtzebuergesche Rabbiner a Reliouns-Philosoph. Hie war e wichtege Vertrieder vum Reform-Judaismus.

Hien huet zu Metz, Bonn, Berlin a Leipzig studéiert.

Hie gouf 1838 Rabbiner zu Dessau, huet awer missen 1841 wéinst senge radikal-liberalen Interpretatioune vun der jiddescher Relioun zrécktrieden. 1843 huet hien "Die Messias-Lehre der Juden in Kanzelvorträgen" a "Religionsphilosophie der Juden" publizéiert.

1842 huet de Wëllem II. hien zum éischte Groussrabbiner vu Lëtzebuerg ernannt. 1843 huet hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Zesumme mat dem Mathieu-Lambert Schrobilgen, dem Charles-Théodore André, dem Nicolas Martha an aneren huet de Rabbi Hirsch 1848 zu Lëtzebuerg d'Zeitung Der Volksfreund gegrënnt. Den Hirsch gouf als den eigentleche Redakter vun der Publikatioun ugesinn, déi doropshin antisemitesche Beleidegungen ausgesat war a sech huet missen dogéint wiere 'communistesch' ze sinn.[1]

An der Zäit zu Lëtzebuerg huet hien "Die Humanität als Religion (1854), Systematischer Katechismus der israelitischen Religion (1856), a "Reform im Judenthum" (1844) geschriwwen. Op den däitsche Rabbinerversammlungen 1844/45 ass hie fir eng radikal Reform vum Juddentum agetrueden, krut dës Meenung awer net duerchgesat. 1866 krut hien e Ruff vun der reforméierter Kongregatioun Keneseth Israel vu Philadelphia, Pennsylvania, deen hien ugeholl huet. Hien ass mat senger Famill an d'USA emigréiert.

1869 gouf hien zum President vun der Rabbiner-Konferenz zu Philadelphia ernannt, op där d'Prinzipie vum Reform-Judaismus formuléiert goufen.

Den Hirsch ass bis 1888 Rabbiner vun der Kongregatioun vu Philadelphia bliwwen. Duerno ass hien op Chicago bei säi Jong, den Emil G. Hirsch, wunne gaangen, wou en dat Joer drop gestuerwen ass.

Dem Hirsch säi bekanntste Wierk ass "Religionsphilosophie". A sengem "Katechismus der Israelitischen Religion" huet hien d'biblesch Legenden als psychologesch an typesch Allegorië beschriwwen, an déi jiddesch Zeremonien als Symboler vun den Iddien, déi dora vermëttelt géifen. De jiddesche Glaf wier deemno kee Gesetz, mä eng Léier ("Lehre") an déi symbolesch Zeremonië kéinte sech deemno mam historesche Kontext änneren. Sou huet hien als éischte proposéiert, jiddesch Gottesdéngschter um Sonndeg, an net um traditionelle Sabbat (Samschdeg), ofzehalen.

Och mam Hegel huet hie sech auserneegesat, well dien d'Juddentum a senger Hierarchie vun de Reliounen nach ënner den Naturreliounen aklasséiert hat. Den Hirsch huet dogéint argumentéiert, d'Judentum an d'(Ur-)Chrëschtentum als Relioune vun der Fräiheet wieren am Géigendeel allen Naturreliounen absolut iwwerleeën.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goedert, J., 1993. L'émancipation de la communauté israélite luxembourgeoise et l'administration du culte dans la première moitié du 19e siècle (1801-1855). Galerie 3. Nei publizéiert an: La présence juive au Luxembourg du Moyen Âge au XXe siècle. B'nai Brit Luxembourg (Laurent Moyse & Marc Schoentgen, éditeurs), 2001, S. 21-56.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Hilgert, Romain. Les journaux au Luxembourg 1704-2004/Zeitungen in Luxemburg 1704 bis 2004. SIP, 2004. Ss. 62-65 (Link)