Sandale vu Christus

Vu Wikipedia
D'Sandale Christi

D'Sandale vum Christus zielen zu de bedeitendste Reliquie vum Mëttelalter. Ier de Pippin III. mam Poopst Étienne II. an der Schenkung vum Pippin 754 iwwerenee koum, fir e Kierchestaat ze grënnen, gouf et e puer Konterpartië vun der Kierch. Dem Étienne säi Virgänger, de Poopst Zacharias, hat dem Pippin seng Wiel zum Kinnek unerkannt an him 752 d'Reliquie vun de Sandale vum Jesus ginn.

Nieft hirer reliéser Bedeitung hunn dës Sandalen och d'Legitiméierung vun de fränkesche Kinneken duerch d'Kierch symboliséiert.

Dem Pippin koumen d'Sandalen zupass: Hien hat wëlles, d'Abtei Prüm, e klengt Klouschter, dat eng 30 Joer virdru gegrënnt gi war, opzewäerten. Sou huet hien der Abtei grousse Landbesëtz iwwerdroen (Prümer Urbar) an och d'Reliquien. D'Abteikierch vu Prüm gouf doropshin a "Sankt Salvator" (Hellegen Erléiser) ëmbenannt, an d'Klouschter gouf déi bedeitendst Abtei an och d'Hausabtei vun de Karolenger.

Eréischt am 12. Joerhonnert krut Prüm Konkurrenz: Zu Tréier, engem éiergäizege Bistum, housch et op eemol, datt e Kleed vum Jesus, eng Tunique, den "Hellege Rack", opgedaucht wier. Dat huet natierlech méi Androck gemaach wéi e Puer hongreg Schlappen.

Et huet awer nach 4 Joerhonnerte gedauert, ier Prüm de Muechtkampf mat Tréier verluer hat. 1524 war déi éischt grouss Pilgerfaart bei den Hellege Rack. 1574 huet d'Abtei Prüm hir Selbständegkeet un Tréier verluer.

D'Sandale vum Christus - am Fong just Partikele vu Sandalen, sinn haut nach an der Sankt-Salvator-Basilika zu Prüm ze gesinn, a ginn do ugebiet.

Hir politesch Bedeitung, déi s'am Mëttelalter haten, ass verluer, déi reliéis ass bliwwen.