Sandra Dee

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Imitation of Life-Sandra Dee0.JPG

D'Sandra Dee, gebuer den 23. Abrëll 1942 zu Bayonne am New Jersey a gestuerwen den 20. Februar 2005 zu Los Angeles; eigentlech Alexandra Zuck war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin.

No e puer Joer als Model an Tëleeproduktiounen huet si 1957 mat manner wéi 15 Joer hir éischt Filmroll gespillt am Untill they Sail. No hirem Bestietnes 1960 mat dem Popsänger Bobby Darin huet si mat deem zesummen an enger Rei vun Teenage-Romanze gespillt, déi kommerzielle Succès haten. No der Trennung 1967 an e puer zweetklassege Filmer huet si sech aus dem Filmgeschäft zréckgezunn.

Spéider hat si eescht Problemer mat hirer Gesondheet, déi dozou gefouert hunn, datt se no enger Longenentzündung den 20. Februar 2005 gestuerwen ass.

2004 gouf um Toronto International Film Festival de Film Beyond the Sea virgestallt. E Film iwwer d'Koppel Bobby Darin a Sandra Dee. De Kevin Spyacey, Produzent, Regisseur an Haaptduersteller séngt souguer selwer, d'Sandra Dee gëtt vun der Kate Bosworth gespillt.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sandra Dee – Biller, Videoen oder Audiodateien