Sankt Péitersbuerg
| Dëse Geographiesartikel zu Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Sankt Péitersbuerg Санкт-Петербург |
|
|---|---|
|
59° 56′ N, 30° 19′ O59.93903888888930.3157861111113Koordinaten: 59° 56′ 21″ N, 30° 18′ 57″ O |
|
| Land: | |
| Federatiounskrees: | Nordwestrussland |
| Stad mat Subjektstatus: | Sankt Péitersbuerg |
| Gegrënnt: | 1703 |
| Fläch: | 1.431 km² |
| Awunner: | 4.879.566 (14. Okt. 2010) |
| Bevëlkerungsdicht: | 3.410 Aw./km² |
| Héicht: | 3 m |
| Zäitzon: | UTC+4 |
| Autoskennzeechen: | 78, 98 |
| Gouverneur: | Georgij Poltawtschenko |
Sankt Péitersbuerg (russ.: Санкт-Петербург) ass mat 4.953.219 Awunner (2012) déi zweetgréisste Stad a Russland a souguer déi nërdlechst Milliounestad vun der Welt. Si läit am Nordweste vum Land, un der Mündung vun der Newa am Oste vum Finnesche Mierbusen.
Am Joer 1703 vum Zar Péiter de Groussen ënnert dem Numm Sankt Pieter Burch (Санкт-Питер-Бурх(ъ)) als "Fënster zu Europa" gegrënnt, gouf se geschwënn drop op Peterburg (Петербург) ëmgedeeft, fir d'Haaptstad vum Russesche Räich ze maachen. Mam Ausbroch vum Éischte Weltkrich am Joer 1914 gouf d'Stad op Petrograd (Петроград) ëmbenannt, fir awer schonn 1924, nom Lenin sengem Doud, nees eng Kéier den Numm ze changéieren, an zwar a Leningrad (Ленинград). 1918 huet d'russesch Revolutioun d'Haaptstad zréck op Moskau verluecht. Dunn huet et bis zum Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991 gedauert, ier eng Volleksofstëmmung mat enger knapper Majoritéit vu 54% sech fir d'Réckbesënnung op den alen Numm Sankt Peterburg (Санкт-Петербург) ausgeschwat huet.
Sankt Péitersbuerg, dacks "Venedeg vum Norde" genannt, bestécht net nëmmen duerch seng vill Kanäl, mä gëllt mat senge ville Paläst a senger grousser Zuel u Kënschtler als heemlech Kulturhaapstad vu Russland. D'Bannestad gehéiert zur Weltierfschaft vun der UNESCO. Donieft huet d'Stad als wichtegste russeschen Ostmier-Hafen och eng grouss wirtschaftlech Bedeitung.
Inhaltsverzeechnes |
Geographesch Lag [änneren]
Populatioun [änneren]
Geschicht [änneren]
Kuckeswäertes [änneren]
- Peter-a-Pauls-Festung
- Admiralitéit Sankt Péitersbuerg
- Eremitage-Musée (Wanterpalais)
- Katharinepalais
- Pawlowsk
- Peterhof (Summerpalais) an der Noperschaft
- Isaakskathedral
- Operstéiungskierch (Erléiser op dem Blutt)
- Alexander-Newski-Klouschter
- Newski-Prospekt
- Mariinski-Theater
- Gostini Dwor
- Panzerkräizer Aurora
Literatur [änneren]
- Peter Bruhn: Das Bernsteinzimmer in Zarskoje Selo bei Sankt Petersburg, 2. Auflage, Berlin 2004 ISBN 3-86155-109-8
Fotosalbum vu Sankt Péitersbuerg [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Offiziellt touristescht Portal vun der Stad (de)
- Offiziell Säit vun der Stadverwaltung (en)
- Offiziell Säit vum Eremitage-Musée (en)
| Commons: Category:Saint Petersburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |