Santa Maria (Schëff)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Santa Maria war dFlaggschëiff vum Christoph Kolumbus op senger éischter Expeditioun vu 1492 bis 1493, op däer hien e Waasser-Wee no Indien gesicht huet a dobäi Amerika entdeckt huet. Begleet war d'Santa Maria vu zwee méi klenge Schëffer, der Niña an der Pinta.
Op Chrëschtdag 1492 huet d'Santa Maria sech op eng Sandbank virum hettegen Haiti festgefuer a gong verluer. D' Holz gouf fir de Bau vu der éischter spuenescher Siedlung op amerikaneschem Bueden, La Navidad gebraucht; an däer Siedlung huet de Kolumbus ongeféier 30 - 35 vu sengen Landslett zréckgelooss.
Aus neizäitlechen Opzechnungen ergi sech keng Réckschless op de Bau vu der Santa Maria. D'Unhaltspunkte bleiwen onprezis. Et gëtt ugeholl, dat d'Santa Maria 25 m lang an 8 m breet war. De Kolumbus huet vermierkt, dat d'Schëff mat enger Vitesse vun 9 Kniet fuere konnt, mee datt et trotz allem schwéier ze manövréiere war a sech dofir net ganz gutt fir sou eng Expeditioun geeegent huet.