Santiago (Cap Vert)

Vu Wikipedia
Santiago (Cap Vert)
Geographie
Land Cap Vert
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Gehéiert zu Ilhas de Sotavento
Koordinaten 15°4'40"N, 23°37'29"W
Fläch 991 km²
Längt 75 km
Breet 27,2 km
Héchste Punkt Pico da Antónia (1.349 m)
Verwaltung
Haaptuert Praia
Demographie
Awunner 290.000
Aner Informatiounen
Entdeckt 1460 (julianesch)
Zäitzon UTC−1
Landschaft am Süde vun der Insel Santiago, mat enger Plantatioun vu Papaya-Planzen

Santiago (Ilha de Santiago, "Insel vum hellege Jacques") ass déi gréisst vun de Kapverdeschen Inseln am Atlantik.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Santiago gehéiert zu der südlecher Inselgrupp Ilhas de Sotavento ("Inselen ënnert dem Wand"). Si ass 991 km² grouss an huet ronn 290.000 Awunner. D'Haaptstad Praia (132.000 Awunner) läit am Süde vun der Insel. Déi zweetgréisst Stad, am Zentrum vun der Insel, ass Assomada.

Wéi déi aner kapverdesch Inselen och ass Santiago eng Vulkaninsel mat staarke Reliefer, weiden Däller a Form vun engem U, Héichflächen an Zeiebierger. Deen héchst Punkt ass de Pico da Antónia (1.394 m), zweethéchsten de Serra da Malagueta. Am Zentrum vun der Insel, wou d'Bierger sinn, reent et méi dacks, an do gëtt och vill Landwirtschaft bedriwwen, iwwerdeems et an de flaache Küstreregioune wüstenarteg dréchen ass.

Administrativ ass Santiago an aacht Concelhos (Arrondissementer) agedeelt: Praia, Ribeira Grande, São Domingos, São Lourenço dos Órgãos, São Salvador do Mundo, Santa Cruz, Santa Catarina, São Miguel an Tarrafal.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel gouf 1460 vum Antonio da Noli besidele gelooss, deen do eng kleng Garnisoun zu Cidade Velha (dat deemools nach Ribeira Grande housch) installéiert huet.

Am 16. Joerhonnert huet Cidade Velha eng Schlësselroll am Sklavenhandel gespillt, well do tëscht Afrika an Amerika op engem Tëschestopp "den Tri gemaach" gouf. Et war dann och deemools déi zweeträichst Stad vum portugisesche Welträich. Mee de Sklavenhandel ass dono ëmmer méi an d'Hänn vun de Fransousen, Britten Hollänner a Spuenier geroden, a Santiago gouf ëmmer nees vu Piraten iwwerfall. No engem besonnesch zerstéiereschen iwwerfall 1712 gouf Cidade Velha als Haaptstad opginn an déi gouf op de Plateau vu Praia verluecht, dee besser verdeedegt konnt ginn.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft (Mais, Zockerrouer, Banannen, Maniok a Mango) an de Fëschfank, souwéi den Handel mat deene Produkter, sinn déi Haapt-Wirtschaftsaktivitéiten. D'Déngschleeschtunge sinn am Gaang sech z'entwéckeln.

Op Santiago ass och d'Nationalbibliothéik an d'Nationalarchiv vum Cap Vert, d'Privat-Universitéit Jean Piaget an zwou ëffentlech Universitéiten, d'Universitéit vum Cap Vert (2006 opgaangen) an d'Universitéit vu Santiago.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Santiago (Cape Verde) – Biller, Videoen oder Audiodateien