Santo Antão (Cap Vert)

Vu Wikipedia
Santo Antão
Geographie
Land Cap Vert
Läit an/am Atlantik
Koordinaten: 17° 4’ 11’’ N
      25° 10’ 15’’ W
Fläch ± 779 km²
Héicht 0 - 1979 m
Verwaltung
Demographie
Awunnerzuel 48.000 (2018)
center}}}

Santo Antão (port. fir Hellegen Antonius) ass, mat 779 km², déi zweetgréisst vun de Kapverdeschen Inselen am Atlantik. Et liewen eng 48.000 Leit op Santo Antão.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Santo Antão ass déi nërdlechst a westlechst Insel vum Cap Vert. Se gehéiert zu den Ilhas de Barlavento ("Inselen iwwert dem Wand") a gëtt duerch e 16 km breede Mierkanal vun der Insel São Vicente, déi südlech dovu läit, getrennt. Iwwer deen ass d'Insel e puermol am Dag mat enger Fär, déi vu Mindelo (op São Vicente) kënnt, z'erreechen. Et gëtt Pläng, e Fluchhafen ze bauen.

Si gëtt charakteriséiert duerch héich a géi Bierger, déi vulkanesch Originnen hunn (déi lescht Eruptioune ware viru ronn 100.000 Joer). Am Osten, op engem Héichplateau, ass de gréisste Mësch- an Nolebësch vum Cap Vert. Am Norde reent et relativ dacks, iwwerdeems et am Süden dréche bleift. De Westen ass wüstenaarteg; do ass och den héchste Punkt vun der Insel, den Tope de Coroa (1979 m).

D'Hafestad Porto Novo am Süden ass zanter kuerzem déi gréisst Uertschaft op der Insel, virdru war dat Vila da Ribeira Grande.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1462 gouf d'Insel vum Diego Afonso fir Portugal akaparéiert. Am Ufank gouf se just benotzt, fir do d'Flecht Roccella tinctoria ze rekoltéieren, aus där Faarf gewonne gouf. Am 17. Joerhonnert hu sech do fir d'éischt Leit fir zerguttst néiergelooss, déi vun den aneren Inselen hierkoumen, ma och aus dem Norde vu Portugal. Si hunn do Wäin, Purgiernëss a méi spéit och Kaffi fir den Export ugebaut.

Administrativ ass d'Insel an dräi Concelhos (Distrikter) ënnerdeelt: Paul, Porto Novo a Ribeira Grande, mat am Ganze siwe Gemengen (Freguesias):

Concelho (Distrikt) Freguesia (Gemeng)
Ribeira Grande Nossa Senhora do Rosário
Nossa Senhora do Livramento
Santo Crucifixo
São Pedro Apóstolo
Paul Santo António das Pombas
Porto Novo São João Baptista
Santo André

Ekonomie an Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft an d'Fëscherei spille wirtschaftlech déi gréisst Roll op der Insel. Ugeplanzt ginn Zockerrouer, Yams, Maniok, Banannen, Mango a Mais. Aus dem Zockerrouer gëtt de Grogue, e wäisse Rum, gemaach.

Am Norden ass den Tourismus am Gaang, lues a lues méi eng wichteg Roll ze spillen. Déi beandrockend Bierglandschafte sinn attraktiv fir Wanderer.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Santo Antão – Biller, Videoen oder Audiodateien