Sascha Ley
D'Sascha Ley, gebuer den 13. September 1967 zu Saarbrécken, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Komponistin a Sängerin.
D'Sascha Ley huet hir Kandheet bis 11 Joer tëscht Lëtzebuerg an Däitschland verbruecht, an ass dono an der Stad Lëtzebuerg opgewuess.
Nieft dem Gesank an dem Schauspill gëtt si sech an de leschten Joren och ëmmer méi mat der Kompositioun, dem Schreiwen a geleeëntlech der Dramaturgie-Regie fir Danztheaterproduktiounen of.
2005 gouf si op der Berlinale als European Shooting Star fir Lëtzebuerg designéiert, 2004 krut si de Präis fir déi beschten Interpretatioun vun den More Songs For Life vun der Aids-Hëllef-Initiative. 2009 ass si mat hirem Trio KALIMA mat dem Prix du public vum Tremplin JAZZ d'Avignon ausgezeechent ginn.
2007 huet d'Sascha Ley hiren éischten selwerkomponéierten Album "Travelling Light" verëffentlecht. 2010 gouf den Album "KALIMA" publizéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Filmer (Auswiel) [änneren]
Kino [änneren]
- Hannah Arendt, vum Margarethe von Trotta (2012)
- House of Boys, vum Jean-Claude Schlim (2009)
- Lettres de Julia, vum Isabelle Costantini (2009)
- Räuberinnen, vum Carla Lia Monti (2008)
- You for me, vum Cyrus Nevshad (2007)
- Time for new heroes, vum Christian Neumann (2007)
- Deepfrozen, vum Andy Bausch (2005)
- La Revanche, Andy Bausch (2004)
- Autobahnraser, vum Michael Keusch (2004)
- De Tweeling, vum Ben Sombogaart (2002)
- Shadow of the Vampire, vum Elias E. Merhige (1999)
- 81/2 women, vum Peter Greenaway (1998)
- Back in Trouble, Andy Bausch (1997)
- D'Sandauer als (Alexandra Ley), vum Christian Delcourt (1994)
- Schacko Klak als (Alexandra Ley), vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann (1989)
Tëlee [änneren]
- Tatort "Teufel im Leib", H.C. Blumenberg (2004)
- De nouvelles vies, Stéphane Kurc (2004)
Musek [änneren]
Souwuel gesanglech wéi och an hire Kompositiounen beweegt sech d'Sascha Ley fléissend tëschent Jazz, Fräier Improvisatioun, imaginärem Folklore, dem Chanson an geleegentleche Flirten mat zäitgenëssescher Musek.
Si huet bei der hollännescher Sängerin Reinette van Zijtveld un der DJAM Jazz School zu Amsterdam a spéider zu Kenny Seymour an um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert, gefollegt vu Stagen a Masterclass mam Meredith Monk, Gabriele Hasler, Sainkho Namtchylak, Shelley Hirsch a Frank Köllges. Um Jazz India Vocal Institute zu Mumbai huet si ënner der Leedung vun Dhanashree Pandit-Rai Ablécker an de klasseschen Hindustanesche Gesank kritt.
D'Sascha Ley séngt a komponéiert fir hir eege Pojeten an heiansdo op Opdrag fir Filmmuseken, Radio a Studio.
Discografie [änneren]
- Kalima Kalima (2010)
- Travelling Light Sascha Ley (2007)
- Mutant Standards Garlicks feat. Sascha Ley (2001)
Um Spaweck [änneren]
- Site vum Sascha Ley
- Sascha's Myspace Musekssäit
- Sascha Ley's Trio Kalima Musekssäit
- Site vum Duo Sascha Ley & Natascha Gehl
- Vita und Bilder bei Agentur Ulrich Meinhard Management