Sascha Palgen

Vu Wikipedia
Sascha Palgen
Gebuer 15. August 1984
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Turner

De Sascha Palgen, gebuer de 15. August 1984 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Konschtturner.

Hie lieft an trainéiert haaptsächlech zu Stuttgart (Däitschland) an turnt souwuel fir d'Etoile Rumelange wéi och d'EnBW Turnteam Stuttgart.

De méifache Lëtzebuerger Champion war no 44 Joer den éischten Turner aus dem Grand-Duché dee sech fir Olympesch Spiller qualifizéiere konnt.[1] An der Sechskampf-Qualifikatioun op de Spiller zu Peking 2008 gouf hien de 37. vun 98 Konkurrenten an huet et domat net bis an d'Finall (déi bescht 24) gepackt.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

  • International:
    • 2002: 15. Plaz, Sechskampf, Europameeschterschaft vun de Junioren
    • 2004: 17. Plaz, Sechskampf, Europameeschterschaft vun de Senioren
    • 2007: 5. Plaz, Budemturnen, Weltcup Cottbus
    • 2007: 4. Plaz, Budemturnen, Weltcup Ghent
    • 2007: 50. Plaz, Sechskampf, Konschtturn-WM Stuttgart
    • 2008: 37. Plaz, Sechskampf, Olympesch Summerspiller 2008
    • 2013: 3. Plaz, Méikampf, Spiller vun de klenge Länner 2013

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Déi lescht Participatioun waren déi vum Josy Stoffel an dem Ady Steffanetti bei de Spiller 1964 zu Tokio