Satellittebus

Vu Wikipedia

Als Satellittebus, Satellitteplattform oder Service-Modul bezeechent een d'Versuergungseenheet vun engem Satellit oder enger Raumsond, déi de Betrib vun der tatsächlecher Notzlaascht erméiglecht (par Analogie zum Raumschëff). Dobäi bleift de Satellittebus gréisstendeels d'selwecht a gëtt nëmmen un d'entspriechend Notzlaascht ugepasst, wouduerch d'Entwécklungskäschten deementspriechend falen. Besonnesch heefeg gi se fir Kommunikatiounssatellitten agesat, wougéint Fuerschungssatellitten éischter Spezialkonstruktioune sinn.

Bus an Notzlaaschtmodul vun engem Noriichtesatellit

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

E Satellittebus besteet aus der mechanescher Grondstruktur als Droelement fir déi verschidde Subsystemer. Dat gëtt bei der Entwécklung fir d'éischt festgeluecht a bestëmmt déi spéider Konfiguratioun vum Satellittebus an domat déi vum op dem Bus opgebaute Satellit. Si hëlt déi statesch an dynamesch Laaschte beim Start a Betrib vum Satellit op an ass och fir d'Schwéngungs- an d'Resonanzverhale vum Satellittebus an a graffen Zich fir dat thermaalt Verhale verantwortlech. An déi Primärstruktur ginn dann d'Subsystemer integréiert, wéi Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem, d'Undriffssystem fir d'Lag- a Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an de Bordrechesystem fir Steierung an Datenmanagement. Bei bemannte Satellitte kënnt nach de Liewenserhalungssystem dobäi.

Technesch Date vu verschiddene Plattformen[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst Ubidder fir Satellitteplattforme si Boeing, Space Systems/Loral, Thales Alenia Space an EADS Astrium. Si ënnerscheeden sech ausser an hirer Gréisst, Leeschtung a Präis virun allem an hirer Liewensdauer an an hiren Ausriichtungen op speziell Aufgaben.

Ubidder Bezeechnung Notzlaascht Total Mass Elektresch
Leeschtung
Asazgebitt Liewensdauer Joer Asaz
Bemierkungen
Boeing Boeing 376 (BSS oder HP) ongef. 24 Transponder 1 bis 1,75 t 0,8 kW
2,0 kW
GEO ongef. 10 Verschidde Solarzellentyppen, Spinstabiliséiert[1]
Boeing Boeing 601 (BSS oder HP) bis 48 (LS) oder 60 (HP) Transponder 2,5 bis 4,5 t 4,8 kW
10 kW (HP)
GEO/MEO ongef. 15 GaAs Solarzellen, optional Ionenundriff
Boeing Boeing 702 4,5 – 6,5 t 7-18 kW GEO ongef. 15 GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO
Boeing Boeing 702 MP 5,8 – 6,16 t 13,6-18 kW GEO ongef. 15 GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO
Boeing Boeing 702 SP ca. 1,8 t 3-8 kW GEO etwa 15 GeAs Solarzellen, nëmme Ionenundriff
SS/L LS 1300 5-15 kW GEO 15? SpainSAT
SS/L LS 400 ? 450 kg 1,1 kW GEO 7
Orbital Science STAR Bus 200 .. 500 kg 5 kW GEO 15 Intelsat 16
OHB Technology SmallGEO[2] 300 kg 3 kW GEO 15 elektreschen Undriff
TAS Spacebus 3000 GEO
TAS Spacebus 4000 3,0 – 5,9 t bis 15,8 kW (bis 11,6 kW Notzlaascht) GEO 15
Astrium Eurostar E2000+ 550 kg 3,4 t 4-7 kW GEO 12
Astrium Eurostar E3000 4,8 – 6,0 t 12 kW GEO 15 optional elektreschen Undriff
TAS+Astrium Alphabus max. 2 t max. 8,8 t max. 22 kW GEO 15 cheemeschen an elektreschen Undriff[3]
Astrium Flexibus LEO
Astrium Gammabus 300 kg 1,8 kW LEO
Astrium-SAS Pleiades 300 kg? 600 kg 1,4 kW LEO 7
TAS Proteus[4],[5] 500 kg 0,5 kW LEO 5 Jason, CALIPSO, SMOS
Astrium-SAS/CNES Myriade[6] 80 kg 0,06 kW LEO 2 SPIRALE, Picard
Astro- und Feinwerktechnik TET 50 kg 120 kg 0,07 kW
bis 0,16 kW (Notzlaascht, kuerzzäiteg)
LEO ongef. 10 Technologieerprouft
Lockheed Martin A2100 2,8 bis 6,6 t 1-15 kW GEO 15 USA 207
ISS Reshetnev Ekspress-1000 0,75 bis 1,6 t ? kW GEO 10 bis 15 Lutsch 5A, B[7],[8],[9]
CAST DFH-4 max. 488 kg 5 bis 5,2 t 10,5 kW GEO 15 Paksat 1R[10],[11]
Mitsubishi Electric DS-2000 5 bis 5,2 t 10,5 kW GEO 15 Türksat 4A[12],[13]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hughes / Boeing: HS-376 / BSS-376 (Gunter's Space Page)
  2. DLR - SmallGEO-Plattform
  3. Archive copy Archivéiert op 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2014-12-06.
  4. Proteus op Gunters Space Page
  5. Proteus bei CNES Archivéiert op 2011-10-10. Gekuckt de(n) 2014-12-06.
  6. CNES: Myriade
  7. http://space.skyrocket.de/doc_sat/npopm_ekspress-1000.htm
  8. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/luch-5a.htm
  9. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/amos-5.htm
  10. http://space.skyrocket.de/doc_sat/ch__dfh-4.htm
  11. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/paksat-1r.htm
  12. http://space.skyrocket.de/doc_sat/melco_ds-2000.htm
  13. http://space.skyrocket.de/doc_sdat/turksat-4a.htm