Satish Dhawan Space Centre

Vu Wikipedia

De Satish Dhawan Space Centre (SHAR) ass eng Rakéitestartplaz vun der indescher Raumfaartagentur ISRO. Si läit op der Südostküst vun Indien am Bundesstaat Andhra Pradesh, ongeféier 80 Kilometer nërdlech vu Chennai.

Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank gouf d'Startplaz Sriharikota Range oder Sriharikota Launching Range genannt, no der Insel Sriharikota, op där den Terrain läit. Hiren haitegen Numm krut d'Plaz de 5. September 2002 nom Doud vum ISRO-President Satish Dhawan. D'Ofkierzung war zwar ëmmer SHAR (‚Sriharikota High Altitude Range‘).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Indien huet mat Thumba eng Rakéitestartplaz, déi zanter 1963 fir Héichtefuerschungsrakéite gebraucht gëtt. Duerch hir Lag tëscht dem Arabesche Mier an Ceylon ware Starte mat Satellitten awer net méiglech, sou datt eng zweet Startplaz huet missen opgeriicht ginn.

Am Joer 1969 gouf dofir den Terrain op der Insel Sriharikota fir eng Rakéitestartplaz erausgesiicht. Fir d'Standplaz war d'Noperschaft zum Equator a grouss Waasserflächen no Oste wichteg, well d'Satellittestarte meeschtens an der Richtung geschéien. Ausserdeem war den Terrain liicht z'erreechen, e louch no bei der Haaptstrooss vu Chennai (deemools Madras) op Kolkata (deemools Calcutta). En Deel vum Yanadi-Vollek, dat an der Géigend vum Terrain hallefnomadesch gewunnt huet, gouf vun 1970 un ëmgesidelt.

Den éischte Start op Sriharikota war den 9. Oktober 1971 mat engem suborbitale Fluch vun der Héichtefuerschungsrakéit RH-125. Den éischten orbitale Start war den 10. August 1979 mam Satellit Rohini 1A, deen awer d'Ëmlafbunn déi virgesi war, net erreecht hat.

Den 18. Juli 1980 war de Start vun der SLV-Rakéit mam Satellit Rohini 1B. Domat gouf Indien déi siwent Natioun, déi en eegene Satellit mat enger eegener Rakéit an eng Äerdëmlafbunn bruecht huet.

Den 23. Februar 2004 gouf et eng Explosioun, wéi HTPB-Dreifstoff fir Feststoffrakéite vun engem Gebai an en anert transportéiert gouf. Sechs Persoune koumen ëm d'Liewen an dräi weider Persoune goufe schwéier blesséiert. D'Gebai gouf dobäi komplett zerstéiert.

De 25. Dezember 2010 war eng GSLV Rakéit no enger Bunnofwäichung mam Satellit GSAT-5P u Bord kuerz nom Start auserneegebrach.[1]

Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Um 145 Quadratkilometer groussen Testterrain sinn:

  • eng Fabrick fir Feststoffdreifstoff,
  • Teststänn fir Rakéitendreifwierker,
  • Startrampen,
  • Telemetrie- a Fernsteierungsariichtungen,
  • Instrumenter fir Bunnpoursuite vu Satellitten.

Vum Satish Dhawan Space Centre kënne follgend Rakéite gestart ginn:

Zanter 2015 si Startariichtunge fir bemannt Missioune geplangt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Satish Dhawan Space Centre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Raumfahrer.net: Feelstart: GSAT 5P op GSLV-F06 zerstéiert