Saxo Bank-Sungard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Equipe um Tour de Romandie 2009
Saxo Bank-Sungard ass eng dänesch professionell Vëlosequipe déi am ProTour fiert.
Den Haaptmann vun der Equipe ass de fréieren Tour de France-Gewënner Bjarne Riis a se gëtt vu senger Entreprise Riis Cycling A/S geréiert. De Sponsor vun der Equipe ass zënter 2009 déi dänesch Bank Saxo-Bank [1], déi Nofolger vun der amerikanescher Entreprise CSC gouf.
D'Equipe gouf 1998 ënner dem Numm Team Home - Jack & Jones, gegrënnt an ass deemools an der Zweeter Divisioun gefuer. Am Joer 2000 koum se an déi éischt Divisioun. Vun do un ass se ënner folgenden Nimm gefuer:
Team Memory Card - Jack & Jones duerno CSC-WorldOnline, CSC-Tiscali, Team CSC, Team Saxo Bank an zum Schluss Team Saxo Bank - Sungard.