Wénkelduerchmiesser

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Schäinbaren Duerchmiesser)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wénkelduerchmiesser vun engem Objet ass de Wénkel, ënner deem en Observateur den Objet gesäit.

Skizz: Wénkelduerchmiesser

D'Bild riets verdäitlecht den Zesummenhang tëschent dem Wénkelduerchmiesser α, Distanz r an der richteger Gréisst g vun engem Objet. Et léisst sech doraus folgend Bezéiung tëschent den dräi Gréissten ofleeden:

 \tan\frac{\alpha}{2} = \frac{g/2}{r}

An der Geodesie ka mat engem Objet deen eng genormt Gréisst g huet, beispillsweis eng vertikal opgestallte Lat, aus dem Wénkelduerchmiesser α d'Distanz r berechent ginn:

 r = \frac{g/2}{\tan\frac{\alpha}{2}}
Ënnerscheed bei de berechenten Ausdeenungen g, g' an g" vun engem onregelméissegen Objet ofhängeg vun den Distanzen r, r' und r"

An der Astronomie ka bei bekanntem Ofstand r (kuckt Distanzbestëmmung) vun engem Objet deem seng ongeféier richteg Ausdeenung g berechent ginn:

 g = 2r\tan\frac{\alpha}{2}

E Problem dobäi ass, datt astronomesch Himmelskierper wéi z. B. diffus Niwwel heefeg onregelméisseg Formen hunn oder wéi bei de Galaxië meeschtens eng Schréiegt hunn. Dofir kritt ee wann ee verschidde Methode fir d'Distanzsmiessung gebraucht, méiglecherweis ënnerschiddlech Distanzen r. Doraus ergi sech an der Berechnung beim selwechte Wénkelduerchmiesser α liicht ënnerschiddlech Ausdeenungen g. Wéinst de risegen Distanze spillt dat an der Praxis allerdéngs nëmmen eng kleng Roll. Bei Observatioune vun Objeten a kosmeschen Distanzen, gëtt den uewen duergestallten Zesummenhank tëschent Wénkelduerchmiesser, Ausdeenung an Distanz vun engem Objet och nach duerch d'Raumkrëmmung substantiell erschwéiert.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie