Schéieschlach

Vu Wikipedia
Schéieschlach
Deel vun Rue Wiltheim, Boulevard Victor-Thorn
Längt ca. 15 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 41.73’’ N
      06° 08’ 03.18’’ O
D'Schéieschlachop der Nr. 6 an der rue Wiltheim.
Ausgang vum Schéieschlachop op der Säit vum Rempart.
D'Schéieschlach vum Rempart aus gesinn. Bemierkenswäert sinn déi zwou Skulpturen op béide Säite vun der Balustrad.

D'Schéieschlach ass e verwëllefte Passage tëschent der rue Wiltheim an dem Rempart iwwer dem Boulevard Victor-Thorn am historeschen Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Agank vum Schéieschlach ass op der Nr. 6 an der rue Wiltheim, en Haus dat zu de Gebaier vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart gehéiert. D'Haus huet fréier der Famill Kutter gehéiert[1].

Duerch d'Schéieschlach kënnt een op de Chemin du rempart vun der fréierer Festung.

Zur Säit vum Rempart hi leeft de Passage ënner enger Terrass mat enger Balustrad erduerch, op där op béide Säiten eng stenge Skulptur a Form vun engem Kapp steet. De Kapp op der rietser Säit - vum Rempart aus gekuckt - dréit en Turban an erënnert domat un eng Persoun aus dem Orient. De Kapp op der lénkser Säit dréit en Helm oder eng Mutz. D'Bedeitung vun deenen zwou Skulpturen ass net gekläert[1].

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vum Schéieschlach geet warscheinlech op de Familljennumm Scheer zeréck[1].

Archeologesch Gruewungen[änneren | Quelltext änneren]

2002 an 2003 huet de Fonds de rénovation de la vieille ville archeologesch Gruewungen organiséiert, bei deenen op der Plaz vum Schéieschlach Reschter vun enger Strooss aus dem Mëttelalter - der sougenannter Spudelsgasse - fonnt goufen, déi deemools bis an d'Buerg um Bockfiels gefouert huet[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yegles-Becker, I., 2004. La naissance d'une ville. ons stad 76: 20-26 [1]
  • Yegles, I., C. Hommel & C. Esch, 2012. Lëtzebuerg Alstad Vieille ville. Éditions Schortgen, 176 S. ISBN 978-2-87953-154-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Yegles et al., 2012, S. 35.