Schëffslift vun Anderton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schëffslift vun Anderton

De Schëffslift vun Anderton gouf 1875 gebaut an ass den eelste Schëffslift op der Welt.

De Lift ass an England net wäit ewech vun der Uertschaft Anderton am Cheshire. E verbënnt zwou Wasserstroossen, de Weaver an den Trent-a-Mersey-Kanal.

Well de Weaver 16 Meter méi déif wéi de Kanal läit war de Bau vun sou engem Lift d’Méiglechkeet, fir eng Serie vu Schleisen z'evitéieren. De Lift besteet aus zwéi grousse Waasserbasengen, wouvun deen een dem anere Kontergewiicht mécht, wat erlaabt, gläichzäiteg erop an erof ze schleisen.

Am Ufank war dee ganze Mechanissem hydraulesch, ass awer no 25 Joer Déngscht duerch elektresch Motoren ersat ginn, an dat Ganzt huet iwwer e System vu Pullien a Kontergewiichter funktionnéiert. Dat huet erlaabt datt déi zwéi Bace konnten onofhängeg vuneneen manövréiert ginn.

De Lift, dee stark duerch de Rascht beschiedegt war, huet zënter 1983 net méi funktionnéiert, a gouf 2002 komplett restauréiert, a gëtt och elo erëm hydraulesch bedriwwen.


De Lift vun Anderton an d'Rad vu Falkirk a Schottland sinn déi zwéin eenzeg Schëffslifter a Groussbritannien.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Anderton boat lift – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen