Schëffslifter vum Canal du Centre
| Lift | Plaz | Koordinaten | Hiefhéicht | P.k | Bild |
|---|---|---|---|---|---|
| Nr. 1 | Houdeng-Goegnies | 50° 29' 15.13" N 04° 10' 33.15" O |
15,397 m | 0.263 | |
| Nr. 2 | Houdeng-Aimeries | 50° 28' 57..40" N 04° 08' 32.43" O |
16,934 m | 3.178 | |
| Nr. 3 | Strépy-Bracquegnies | 50° 28' 52.44" N 04° 08' 14.38" O |
16,933 m | 3.562 | |
| Nr. 4 | Thieu | 50° 28' 16.91" N 04° 05' 40.34" O |
16,933 m | 7.100 |
D'Schëffslifter vum Canal du Centre si véier Schëffslifter um historeschen Deel vum belsche Canal du Centre déi tëscht 1888 an 1917 gebaut goufen. Si erlaben et op enger Streck vu ronn 11 km en Héichtenënnerscheed vun am Ganze 66 Meter z'iwwerwannen. Si maachen d'Verbindung tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut. Den ieweschte Schleisekanal virum Lift N°1 läit op enger Héicht vun 121,15 Meter an ass domatter déi héchst Plaz vun der Schëfffaart an der Belsch.
Vun den aacht Schëffslifter déi um Enn vum 19. an Unfank 20. Joerhonnert gebaut goufen, sinn et déi eenzeg déi nach mat der Originalmaschinnerie funktionéieren.
Zënter 2002, wéi de Schëffslift vu Strépy-Thieu um neien Deel vum Canal du Centre fir Schëffer bis 1.350 Tonnen a Betrib gaangen ass, gouf den alen Deel vum Kanal, dee fir Schëffer bis 300 Tonnen ausgeluecht war, ausser Betrib gesat a gëtt nach just fir Fräizäitschëffsfaart benotzt.
No engem Accident um Lift N°1 bei deem de Lift schwéier beschiedegt gouf, war déi ganz Schëfffaart no uewe blockéiert.
2011 stinn Reparature virum Ofschloss.[1] An der Tëschenzäit goufen och Revisiounen a Reparaturen un den anere Lifter gemaach.
Fonktionnement [änneren]
Déi zwéi Bace vun all Lift stinn op 2 m décken hydraulesche Pistonen a ginn duerch hir eege Schwéierkraft nom Prinzip vun enger Wo beweegt. D'Stabilatioun an enger gewësser Positioun gëtt iwwer Ventiller regléiert déi mat de Behälteren ënner dem Piston a Verbindung stinn. Fir en Auslafe vum iweschte Schleisebaseng, deen op der Waaserscheed verleeft, ze verhënneren ass den éischte Lift, no uewen zousätzlech mat zwou Sécherheetspaarten equippéiert.
D'Lifter 1 a 4 hunn hir eege Maschinneraim déi direkt dernieft stinn, an den 2 an 3 gi vun engem Maschinneraum aus beliwwert. D'Missioun vun där zousätzlecher Maschinnerie ass fir en etlech Funktiounen um Lift ze garantéieren, wéi z:B d'Energie ze liwweren fir d'Schleisepaarten an d'Paarte vun de Bacen op an zouzemaachen.
D'Schëffslifter mat der Géigend ronderëm ginn zënter 1998 vun der Unesco zu der Weltierfschaft gezielt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schëffslifter vum Canal du Centre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Beschreiwung op der Websäit vun de Weltierfschaften bei der UNESCO
|
|
||
|
ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé |
||
Referenzen [änneren]
- ↑ Informatioun op der Plaz am Mäerz 2011