Schëld C, 1a

Vu Wikipedia
Schëld C, 1a
Verbueden eranzefueren
Bezeechnung C, 1a
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955


D'Schëld C, 1a ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chauffere vu Gefierer an de Leit déi Déiere féieren ugëtt, datt d'Strooss nëmmen aus der anerer Richtung accessibel ass. An Ausnamefäll kënne verschidde Gefierer vum Verbuet ausgeschloss ginn, wann déi Gefierer, fir déi d'Verbuet net gëllt, op engem Zousazschëld opgezielt ginn.

Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt dëst Schëld och alt „Sens interdit“ genannt.

Originaltext aus dem Code de la route[änneren | Quelltext änneren]

„1. Accès interdit - Le signal C, 1a indique l'interdiction d'accès aux conducteurs de véhicules et d'animaux, auxquels la voie publique est uniquement accessible par la direction opposée. Dans des cas exceptionnels, il peut être dérogé à cette prescription par un panneau additionnel renseignant les véhicules auxquels cette interdiction ne s’applique pas“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[1]

.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Schëld C, 1a gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 25 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vun 145 Euro an de Verloscht vun 2 Punkte vum Punktefürerschäin[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière