Schëld B, 3

Vu Wikipedia
Schëld B, 3
Virfaartsstrooss
Bezeechnung B, 3
Kategorie Virfaartsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955


D'Schëld B, 3 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat de Chaufferen ugëtt, datt si op enger Strooss fueren op där si op den nächste Kräizungen Virfaart géintiwwer deenen anere Stroossen hunn. D'Schëld kann op der Virfaartsstrooss virun de Kräizunge widderholl ginn. D'Schëld muss virun enger Kräizung wou d'Virfaartsstrooss an eng aner Richtung geet opgestallt ginn, dann an Zesummenhang mat engem Konfiguratiounsschëld.

D'Schëld B, 3 däerf nëmmen opgestallt gi wann op deene Stroossen, déi keng Virfaart hunn, e Schëld B, 1 oder B, 2a steet.

Originaltext aus dem Code de la route:[änneren | Quelltext änneren]

„3. Route à priorité - Le signal B,3 indique aux conducteurs une chaussée sur laquelle ils bénéficient de la priorité de passage à la hauteur des intersections successives de cette chaussée avec d'autres chaussées. Le signal peut être répété à l'approche des intersections de la route à priorité. Il doit être placé à l'approche des intersections où la route à priorité s'infléchit conformément à la rubrique 4 ci-après (= panneau de configuration)

Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]

Virfaartsstroossen[änneren | Quelltext änneren]

Den Artikel 111 vum Code de la route definéiert déi Staatsstroossen op deenen d'Chauffeuren op de successive Kräizungen oder Gafelunge Virfaart géintiwwer den anere Stroossen hunn. Et handelt sech ëm:

Op de Plaze wou e puer Nationalstroosse sech kräizen oder op engem gemeinsamen Trajet lafen, huet déi Strooss mat der méi klenger Nummer Virfaart virun deenen aneren, ausser der N15 déi am Heischter Gronn an zu Bidscht Virfaart virun der N12 huet an ausser der N31 déi generell prioritär virun allen aneren Nationalstroossen ass.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schëld B, 3 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 51 vum Artikel 107 definéiert[2].

Dimensioune vum Schëld[änneren | Quelltext änneren]

An den Uertschaften muss d'Säitelängt vum Schëld op d'mannst 300 mm laang sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 400 mm an op den Autobunnen op d'mannst 500 mm.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.