Schëld B, 5

Vu Wikipedia
Schëld B, 5
Virfaart fir de Verkéier deen entgéintkënnt
Bezeechnung B, 5
Kategorie Verkéiersvirfaartsschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld B, 5 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat ugëtt, datt een op enger enker Plaz dem Verkéier deen entgéint kënnt, d'Virfaart iwwerloosse muss an datt et verbueden ass an den enke Passage eranzefueren, wann een net derduerch fuere kann, ouni datt de Verkéier deen entgéint kënnt, stoebleiwe muss.

Dëst Schëld kann nëmmen opgestallt gi wann d'Chauffere sech op der ganzer Längt vum enke Passage géigesäiteg gesinn. D'Schëld B, 5 muss an der Géigerichtung vum Schëld B, 6 opgestallt ginn.

Originaltext aus dem Code de la route:[änneren | Quelltext änneren]

5. Priorité à la circulation venant en sens inverse - Le signal B,5 indique à un passage étroit que les conducteurs doivent céder le passage aux conducteurs qui viennent en sens inverse et qu'il leur est interdit de s'engager dans le passage étroit tant qu'il ne leur est pas possible de le traverser sans obliger les conducteurs en sens inverse à s'arrêter.

Ledit signal ne peut être mis en place que si les conducteurs peuvent se voir mutuellement sur toute l'étendue du passage étroit. Le signal B,6 doit être mis en place dans le sens inverse de celui du signal B,5[1].

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Dimensioune vum Schëld[änneren | Quelltext änneren]

An den Uertschaften muss den Duerchmiesser vum Schëld op d'mannst 500 mm a baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm sinn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – II. Signaux de priorité aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 9. Abrëll 2018