Schëld C, 7

Vu Wikipedia
Schëld C, 7
Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi méi wéi ... Tonne gelueden hunn
Bezeechnung C, 7
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955


D'Schëld C, 7 ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt et verbueden ass an d'Strooss eranzefuere fir Gefierer mat enger Laascht vun méi wéi … Tonnen.

Mat „Laascht“ – am Code de la route geet rieds vun (fr) « poids en charge », wat déi selwecht Bedeitung huet wéi « masse maximale autorisée » – ass déi effektiv Mass vum Gefier am geluedenen Zoustand, inklusiv de Passagéier gemengt[1].

Originaltext aus dem Code de la route:[änneren | Quelltext änneren]

„7. Accès interdit aux véhicules ayant un poids en charge de plus de ... tonnes - Le signal C,7 indique que l'accès est interdit aux véhicules ayant un poids en charge supérieur à ... tonnes“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[2]

.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Schëld C, 7 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 33 vum Artikel 107 definéiert[3].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkte vum Punktefürerschäin)[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Schëld C, 3e: Verbueden eranzefuere fir Chauffere vu motoriséierte Gefierer déi fir de Giddertransport bestëmmt sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955, Art. 2, 3.1, i) – « Masse en charge d’un véhicule: la masse effective du véhicule à l’état chargé, l’équipage et les passagers étant à bord. »
  2. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  4. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière