Schëpp

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schëppen am Wope vun der Rolshausen-Familljen
Eng Handschëpp

Eng Schëpp ass e Geschir dat benotzt gëtt fir Buedem, Sand, oder soss lassent Materiel, wéi Kuelen, kleng Waken, Kiselsteng op enger kuerzer Distanz ze deplacéieren, sief et datt een d'Material direkt niewenun déi Plaz schëppt op där et läit, oder an oder op en anert Transportmëttel, mat deem et weider transportéiert ka ginn.

Ofhängeg vum Material, dat domat geschëppt soll ginn, hunn d'Schëppe verschidde Gréissten a Formen wéi z. B. d'Kueleschëpp, d'Huewerschëpp, d'Sandschëpp, d'Manganschëpp.

Schëppe fir Buedem ze schëppen, bestinn aus engem metallenen Deel, der eigentlecher Schëpp, déi no vir ofgerënnt ka sinn, oder eng rechteckeg Form kann hunn, an un deem de Schëppestill ubruecht ass.

Kleng Schëppen, wéi Drécksschëppen am Hausgebrauch bestinn hautdesdaags meeschtens aus Plastik.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schëppen – Biller, Videoen oder Audiodateien