Schüttbuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Schüttbuerg 2012. Den Tuerm ass uewe méi breet wéi op der Basis, dat wéinst verkéierte Restauréierungs­aarbechten an den 1950er Joren.
Schibbereg vun Alschent aus gesinn.
D'Schüttbuerg. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez, zirka 1834. Vue vun NW.

D'Schüttbuerg ass eng Anlag mat Buerg a Renaissanceschlass um Lieu-dit Schüttbuerg-Schlass tëscht Konstem a Kautebaach, iwwer dem Dall vun der Klierf, an der Gemeng Kiischpelt.

Den Numm vun der Buerg[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der haiteger offizieller Schreifweis Schüttbuerg [1] waren oder si folgend Nimm am Gebrauch: op Lëtzebuergesch Schëttbuerg a Schibreg respektiv Schibbreg; op Franséisch Schuttbourg, op Däitsch Schüttburg, Schieburg a Schudeburg (1406).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Schüttbuerg läit tëscht Konstem a Kautebaach op 385 m Héicht op engem schmuele längelzege Schifervirspronk, ronn 60 m iwwer dem Dall vun der Klierf. D'Buerg ass a Privatbesëtz a kann net besicht ginn. Vu Konstem brauch een ze Fouss eng hallef Stonn bis op d'Schüttbuerg. D'Schibbreger Millen (oder Schüttbuergermillen) läit un der Klierf, 800 m Loftlinn nordwestlech vun der Buerg. Vun Alschent huet een eng schéi Vue op d'Schüttbuerg.[2]

D'Buerganlag[änneren | Quelltext änneren]

« Le Schuttburg » op der Ferrariskaart, 1777.

Vun Nordwesten hier kënnt een iwwer eng stenge Bréck iwwer en 10 m breede Gruef an déi ronn 20 x 90 m laanggestreckten Anlag, déi nordnordwest-südsüdost ausgeriicht ass.[3] Riets hanner der Paart sinn d'Fundamenter vun engem 7 m décken Tuerm erhalen. Westlech dovu féiert de Buergwee duerch eng weider Paart bei de Palas, dem haitege Wunngebai an neisten Deel vun der Anlag. Südlech geet et schliisslech duerch eng drëtt Paart bei den eelste Buergdeel. Südwestlech vun dëser drëtter Paart ass e Kapellentuerm erhalen.

De Carlo Hemmer huet am zweete Band vu sengem "Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch", dee posthum erauskoum, folgend Beschreiwung vun der Anlag hannerlooss:[4]

"Am Ende steigt auf dem Bergrücken breit hingelagert die Schüttburg auf. Ein schmaler, selten schöner Fußweg führt über anstehenden Schiefer und an rotvioletten Orchideen vorbei zum Eingangstor hin.[5] Schade: Asphaltteppich, gradlinig abgesteckt, kalt und vegetationslos. Ein mit Eisennägeln beschlagenes Doppeltor mit Rundbogen verschliesst bunte efeubewachsene Schiefermauern, ein wehrhafter Rundturm steigt auf. Dahinter das Wohngebäude. Ein Spitzbogentor, über den Mauern teilweise zu sehen, führt durch eine zweite Wehrmauer; über ihm in einer Mauernische eine Madonna. Blühende Holunderbüsche brechen aus den Mauerspalten."

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schüttbuerg op enger Zeechnung vum Michel Engels, virun 1902. Vue vun NW.
D'Schüttbuerg. Zeechnung vum Nicolas Liez, zirka 1834. Vue vun NNW.

Bis ewell konnt keng eegen Herrschaft vu Schüttbuerg nogewise ginn an et feele bis haut déi néideg archeologesch a bautechnesch Ënnersichungen, déi et géngen erlaben, wëssenschaftlech ofgeséchert Datéierunge vun den Anlagen ze maachen.[6]

Am Mëttelalter verkafen d'Häre vu Fëschbech d'Buerg un d'Häre vu Klierf.

Vun der Schüttbuerg, déi héchstwahrscheinlech am 14. Joerhonnert gebaut gouf, ass am Joer 1406 eng éischt Kéier als Schudeburg Rieds, e Lehnsgut vun der Herrschaft Rodenmacher. D'Buerg war ursprénglech net als Residenz geduecht, mä als Bollwierk mat Garnisoun. Si steet am südlechen Deel vun der Anlag.

Zanter 1550 gehéiert zu der Schüttbuerg en zimmlech groussen Haff zu Holztem, deen duerch e Piechter bewirtschaft gouf géint en Zëns, deen aus Déngschtleeschtungen a Liwwerunge vu Liewensmëttel a Geld bestanen huet.[7]

1576 gouf am nërdlechen Deel dat neit Renaissanceschlass gebaut.

1805 gëtt d'Buerg deelweis ofgerappt fir Baumaterial ze verkafen.

1936 gouf d'Anlag renovéiert an d'Schüttbuerg ass am Fréijoer 1939 als gréisst Jugendherberg vum Land fir de Public zougänglech ginn (iwwer 200 Better).

Am Zweete Weltkrich, besonnesch an der Ardennenoffensiv, sinn d'Gebaier staark beschiedegt ginn.

1950 gouf mat gréissere Restauréierungsaarbechten ugefaangen, ouni de fréieren Zoustand vun der Anlag ze dokumentéieren.[8]

1957-1958 si weider Restauréierungsaarbechten duerchgefouert ginn.

1994 goufe Vermiessungaaarbechten (Topographie an eng formgerecht Bauopnam) duerchgefouert, bei där awer nëmme wéineg Originalbausubstanz nogewise konnt ginn.

Zanter dem Oktober 2001 steet d'Anlag op der Inventarlëscht vun de geschützten Nationalmonumenter.[9]

Besëtzer vun der Buerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Häre vu Fëschbech:
    • 1404-1439: Johann I, Här vu Fëschbech a Schüttbuerg (entsprécht dem Johann III vu Fëschbech)
    • 1439-1461: Johann II, Här vu Fëschbech a Schüttbuerg (entsprécht dem Johann VI vu Fëschbech)
  • Häre vu Branebuerg a Klierf:
    • 1461-1471: Friedrich II vu Branebuerg, Här vu Klierf a Schüttbuerg
    • 1471-1480: Wilhelm vu Branebuerg (†1480)
  • 1480-1537: Katharina II vu Branebuerg (†1537) an Hartard vu Wolz (1486-1517)
  • Déi vu Schauenburg:
    • 1538-1540: Christoffel vu Schauenburg, Här zu Preisch
    • 1540-1576: Bernhard vu Schauenburg (Brudder vum Christoffel), Här zu Schüttbuerg (nom Doud vum Christoffel och Här zu Preisch)
  • 1576-1601: Johann vu Kerpen
  • Déi vun Dalberg:
    • 1605-1619: Wolf Friedrich Kämmerer vu Worms, (vun Dalberg genannt)
    • 1624-1630: Wolf Johann a Philipp Balthasar waren déi zwee Jonge vum Wolf Friedrich vun Dalberg. Si hu vu 1624 un den Titel Häre vu Schüttbuerg gedroen
  • Déi de Humyn:
    • 1630-1639: Claude de Humyn († 29. Juli 1639 zu Bréissel)
    • 1639-1679: Peter Ernst de Humyn († 26. Oktober 1679, e puer Méint no sengem Brudder Otto Heinrich, † 5. Juni 1679, deen och den Titel Här vu Schüttbuerg gedroen huet
    • 1679-1735: Claude François de Humyn (Neveu vum Peter Ernst a Jong vum Otto Heinrich). No sengem Doud 1735 zu Bréissel si seng Nëwwien Claude Charles de Halley a Claude-François seng Ierwe ginn.
  • 1687-1688: Claude Charles de Halley. Hien hat eng Duechter de Humyn bestuet a war e Koseng vum Claude François de Humyn
  • 1699-1722:: Philippe Dominique van Uylenbrouck. Hien ass de 24. Mee 1692 mat der Anna Caroline de Humyn, der Duechter vum Claude-François de Humyn, bestuet ginn a se hunn zesummen op der Schüttbuerg gewunnt. De 7. Februar 1699 kruten se offiziell den Titel als Häre vu Schüttbuerg wéi de Claude François hinnen d'Schüttbuerg ganz iwwerlooss huet, als Géigeleeschtung hu se missen op d'Herrschaft vu Wardin, Tarchamps, Bras an Harsy verzichten. D'Puer hat eng eenzeg Duechter, d'Marie Josepha Clara Theresia van Uylenbrouck, déi den 11. Oktober 1714 zu Bréissel mam Alexander Joseph de Hoefnagle bestuet gouf.
  • Déi de Hoefnagle:
    • 1722-1764: Alexander Joseph de Hoefnagle. Hien ass den 28. Juni 1764 am Alter vun 83 Joer op der Schüttbuerg gestuerwen an am Chouer vun der Kierch zu Konstem begruewe ginn.
    • 1764-1792: Augustin Karl Joseph de Hoefnagle. Hien huet 1745 d'Anna Lucie Delahaye vu Wolz bestuet a se kruten den 9. Abrëll 1747 hiren eenzege Jong, den Augustin Alexander Franz Joseph, deen de leschten Här vu Schüttbuerg ginn ass. Den Augustin Karl Joseph ass den 21. Dezember 1792 op der Schüttbuerg gestuerwen.
    • 1792-1819: Augustin Alexander Franz Joseph de Hoefnagle. Hien huet sech de 6. Abrëll 1796 zu Dasburg mat der Anna Maria Josephine vun Iewerleng bestuet. Den Augustin Alexander Franz Joseph ass den 30. August 1819 a seng Fra den 1. Juni 1820 gestuerwen ouni Kanner ze hannerloossen. D'Schlass ass un d'Therese de Hoefnagle verschenkt ginn.
  • 1820-1824: Therese de Hoefnagle. Wéi se den Notaire Jean Baptiste Pondron vun Housen[10] den 21. Februar 1821 bestuet huet gouf d'Schlass am Kadaster op deem säin Numm agedroen. Se ass den 3. Oktober 1867 gestuerwen.
  • 1824-1854: Jean Baptiste Pondron. Wéi hien den 12. Mee 1853 gestuerwen ass gouf d'Schlass nees op den Numm vun der Wittfra agedroen.
  • 1854-1894: André Pondron. Hie krut d'Schlass de 6. August 1854 als Ierfdeel vu senger Mamm an huet do gewunnt bis en den 20. Januar 1894 mat 72 Joer do gestuerwen ass. Hien ass um Kierfecht vu Konstem begruewe ginn.
  • 1894-1923: Paul Lamort, Friddensriichter zu Wolz. Hien hat d'Buerg vun den Ierwe vum André Pondron kaaft.
  • 1923-1930: J.P. Clarens a Konsorten, Geschäftsmann zu Nidderwolz.
  • 1933-1935: Franz Würth-Koch, Wittfra mat Kanner vu Lëtzebuerg.
  • 1935-1997: Marie Eugénie Joséphine Meers-Jadoul vun Uccle (bei Bréissel). Si ass den 3. Januar 2000 zu Uccle gestuerwen. 1941 gouf d'Buerg vun der Madame Jadoul hirem Mann, mat deem se a Gütertrennung gelieft huet, fir 66.500 Mark un déi däitsch Besatzer verkaaft, déi en Hitler-Jugendheem dran ageriicht hunn. D'Madame Jadoul, déi awer déi eigentlech Proprietärin war, huet sech géint de Verkaf gewiert an huet d'Geld net ugeholl. 1944 koum d'Gebai ënner Zwangsverwaltung. D'Madame Jadoul huet sech an engem 13 Joer laange Geriichtsprozess dogéint gewiert a krut schliisslech Recht.
  • 1997- : Fernand Feltgen vun Déifferdeng. Hien huet d'Buerg den 11. Februar 1997 vun der Madame Jadoul kaaft déi awer e liewenslaangt Wunnrecht do hat.

D'Schüttbuerg am Renert[änneren | Quelltext änneren]

Als Schlass zu Schibreg kënnt d'Schüttbuerg am III. Gesank vum Michel Rodange sengem Renert vir.

De Wollef war beim Kinnek,
D'Fra Gormang war eleng,
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.

Wéi ass et dann, dir Krotten?
Sot Renert, wéi e koum,
Wou ass dann iere Vueder,
Wou ass séng uersche Moum?

Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Renert lass:
De Fiissche musst entsprangen,
Si huet sech nogeflass.

Om ale Schlass zu Schibreg
Do wutscht en duerch e Schaart,
Si no - du blouf se steechen:
Du laacht de Renert haart.

De Schallek mécht eng Kéier,
Kënnt hannebäi erëm:
Do deet en ër nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.

A wéi en dat gestiicht hat,
Du mécht en sech an d'Schlënner,
Op d'Festonk no Malpaartes,
Bei d'Fra a bei d'Gesënner.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

No der Schüttbuerg genannt[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blackes, Henri, 1968. Schüttburger Besitz, Rechte und Renten anno 1761. [Signé : Eremit von der Eltz]. Luxemburger Wort Jg. 121, Nr. 31: 4, Nr. 33: 4; Nr. 46: 4.
  • Bosseler, Nicolas, 1978. Kautenbach, Merkholtz, Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte. Hrsg. von der Gemeindeverwaltung Kautenbach. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei. 358 p.
  • Dunan, Marie Elisabeth, 1960. Les châteaux forts du Comté de Luxembourg et les progrès dans leur défense sous Jean l'Aveugle 1309-1346. Publ. de la Section historique 70, Luxembourg.
  • Friedrich, Evy, 1972. Die Schüttburg. Revue Jg. 27, Nr. 26: 30-35. Luxembourg.
  • Friedrich, Evy, 1977. Schüttburg. Tageblatt Nr. 275: p. 8, Esch-sur-Alzette.
  • Gillen, Roger, Lex Jacoby, Édouard Nicolay, Adrien Ries, Hugues Schaffner, Jeanny Zuang, [Carlo Hemmer], 1991. Carlo Hemmer: säi Liewe, säi Wierk. Sein Leben, sein Werk. Sa vie, son oeuvre. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 297 p.
  • Carlo Hemmer, 1974. Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch (mit Photographien von Marcel Schroeder und Vignetten nach Lithographien, Stichen und zeichnungen aus romantischer Zeit). Dréckerei Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 224 S.
  • Hoffmann, Joseph, 1984. Die Schüttburg unweit Kautenbach. pp. 42–44 in: Inauguration du drapeau et journée cantonale / Corps des sapeurs-pompiers de la commune de Kautenbach. Wiltz.
  • Keiser, Peter, 1937. Die Geschlechter von der Schüttburg : ein Beitrag zur Heimatkunde. [Hrsg. Tony Kellen] Wiltz : Verl. der Ardenner Zeitung. 88 S.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. [photographies: Tony Krier ; préf.: Gaston Thorn ; contribution: Carlo Hemmer]. Luxembourg : Imprimerie Saint-Paul, 231 p. (publié dans le cadre de l'Année européenne du patrimoine architectural)
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute : ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg : RTL Édition, 271 p.
  • Lamort, Paul, 2004. Histoire de la terre et de la seigneurie de Schutbourg [Reprint de l'édition originale de 1896] Differdange: Fernand Feltgen. 92 p.
  • L'Évêque de la Basse-Moûturie, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. Luxembourg, Libr. V. Hoffman, XXIX-500 S. [Schüttbuerg: S. 435
  • Lamort, Paul, 1904. Les ruines du château de Schutbourg (canton de Wiltz). 1 vol. (9 pl.). [Fotografien]
  • Liez, Nicolas, 1968. Voyage pittoresque à travers le Grand-Duché de Luxembourg. [éd.: Edouard Kutter jr., préf. par Pierre Grégoire] imprimé aux Pays-Bas. 1 vol. (non paginé). [Reprod. photomécanique de l'Édition originale de N. Reuter & Cie. ; V. Hoffmann, 1834, Luxembourg]
  • Zimmer, John, 1996. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 2: Die Burgen von A-Z. Editions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-919883-07-0.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schüttbuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l'administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Cf. Hemmer 1974, S. 53: "Am jenseitigen Hang hoch über dem Tal der Clerf ragt die Schüttburg als trutziges Raubritternest aus der Waldeinsamkeit."
  3. Déi meescht Informatiounen zu dësem Kaiptel stamen aus Zimmer 1996, cf. Literatur.
  4. D'Beschreiwung berout op en Trëppeltour vu Kautebaach op Wëlwerwolz, deen de Carlo Hemmer de 25. Mee 1984 ënnerholl hat. Cf. Gillen et al. 1991: 146 an der Literatur.
  5. Deen hei beschriwwene Wee vun der Schibbreger Millen aus erop op d'Schüttbuerg kann ee schéin op de Biller 1 an 2 gesinn.
  6. Cf. Zimmer 1996 an der Literatur.
  7. Quell: Die Schüttburg und ihr Zinshof in Holzthum op lannersnet.lu
  8. Cf. Koltz 1975 an der Literatur.
  9. Cf. Immeubles et objets classés monuments nationaux (Pdf): Kautenbach: - L'immeuble dit «Schüttbourg», sis à Kautenbach au lieu-dit «bei dem Schiebourger Schloss», y compris les parcelles de terrains environnants afin de former périmètre de protection, inscrit au cadastre de l'ancienne commune de Kautenbach, section C de Kautenbach, sous les numéros 9/2, 9/3, 9/767, 10, 11 et 12. -Arrêté du Conseil de gouvernement du 26 octobre 2001.
  10. Cf. L'Évêque de la Basse-Moûturie 1844 an der Literatur.