Schabloun:WDS 31

Vu Wikipedia
  • ... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
  • ... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
  • ... deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
  • ... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
  • ... d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?