Schachnotatioun
Fir d'Opzeechne vu Schachpartien oder Schachstellunge gëtt et verschidde Systemer vun der Schachnotatioun.
Fir d'Zich nidderzeschreiwen, benotzen d'Spiller an der Regel virgedruckte Partieformularer. Eng eenzel Schachstellung kann an der Schachliteratur duerch een Diagramm ofgebild ginn, op deem festgeluechte Symboler déi eenzel Steng bzw. Figure verkierperen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Schachdiagrammer
E Schachdiagramm weist normalerweis all 64 Felder, woubäi d'Musterung vun engem Schachbriet bäibehal gëtt, a Figurine bzw. d'Symboler vun de Schachfiguren. An der Schachkompositioun gëtt d'Ofbildung vum Diagramm meeschtens mat enger bestëmmter Fuerderung verbonnen. Déi zousätzlech Figure vum Mäercheschach ginn duerch speziell Figurinen duergestallt. Diagrammer ginn a Partieanalysen dacks bei kritesche Stellunge gesat a bei Héichpunkten, zum Beispill virun enger Kombinatioun.
[änneren] Algebraesch Notatioun
D'algebraesch Notaioun ass haut weltwäit gebräichlech.
Ausgoend vum lénksen ënneschte Feld, aus der Siicht vum Spiller mat de wäisse Figure gesinn, ginn déi vertikal Linne mat de Klengbuschtawen „a“ bis „h“ an déi horizontal Reie mat den Zuelen „1“ bis „8“ bezeechent. Jiddwer Feld kritt doduerch als eendeitege Numm d'Kombinatioun aus dem Buschtaf vun der Linn an der Zuel vun der Rei, op deenen d'Feld läit.
Beispill: „g5“
D'Figure ginn duerch déi grouss Ufanksbuschtawe vun hiren Nimm symboliséiert: „B“ = Bauer (gëtt meeschtens wechgelooss), „S“ = Sprénger, „L“ = Leefer, „T“ = Tuerm, „D“ = Damm, „K“ = Kinnek.
Eng Figur op engem bestëmmte Feld gëtt duerch d'Kombinatioun aus dem Figuren- an dem Feldnumm beschriwwen.
Beispiller: „Ke1“ Kinnek op e1 , „Bb7“ Bauer op b7
[änneren] Ausféierlech Notatioun
An der ausféierlecher algebraescher Notatioun vun engem Schachzuch gëtt d'Symbol vun der Figur, d'Ausgangs- an d'Zielfeld uginn. Eng Ausnam bilden d'Bauerenzich, bei deenen d'Figuresymbol wechgelooss gëtt.
Zich op e fräit Feld ginn duerch e Bindestréch „–“ an d'Schlozich duerch en „x“ tëschent dem Ausgangs- an dem Zielfeld gekennzeechent. E Schachgebot erhält e „+“ oder e „†“ hannert dem Zuch a Matt gëtt duerch „++“, „#“ oder „≠“ gekennzeechent. Gëtt ee Bauer an eng aner Figur ëmgewandelt, da gëtt d'Buschtawesymbol vun dëser Figur hannert dem Zuch uginn. Eng kleng Rochade gëtt als „0-0“ notéiert, an eng grouss als „0-0-0“. D'en-passant-Schloe gëtt duerch en nogestellte „e.p.“ gekennzeechent.
Beispiller: „e2-e4“, „Sb1xc3+“, „Td1-d8#“, „e7-e8D“, „f5xg6 e.p.“
[änneren] Figurin Notatioun
Déi ënnerschiddlech Buschtawenofkierzungen an deenen eenzelne Sproochen kënnen international gesinn d'Verständnes erschwéieren. Mëttlerweil ginn dohier als Alternativ dacks déi fir d'Figure benotzte Buschtawen ersat duerch d'Figuresymboler, déi sougenannte Figurinen, déi och an den Diagramme benotzt ginn. Dës Form vun der algebraescher Notatioun gëtt figurin Notatioun genannt.
Beispiller: „e2-e4“, „♘b1xc3+“, „♖d1-d8#“, „e7-e8♕“, „f5xg6 e.p.“
[änneren] Verkierzten algebraesch Notatioun
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| D'Zich vum wäisse Sprénger op c7 a Kuerznotatioun sinn: „Sa8“, „S7a6“, „Scb5“ (oder „S7b5“), „Scd5“ (oder „S7d5“), „Sc7e6“ a „Sce8“ |
Bei der Kuerznotatioun gëtt géigeniwwer vun der ausféierlecher algebraescher Notatioun d'Ausgangsfeld an de Bindestréch wechgelooss. Et gëtt een also nëmmen d'Figuresymbol, bei Schlozich den „x“ an d'Zielfeld un. Wier den notéierten Zuch doduerch net méi eendeiteg, well zum Beispill méi Figure vun därselwechter Zort op datselwecht Feld zéie kennen, da gëtt den Zuch duerch d'zousätzlech Angab vun der Rei oder vun der Linn, oder vum vollstännegen Numm vum Ausgangsfeld eendeiteg gemaach.
Beispiller: „Lc4“, „Lxc4“, „b4“, „axb4“, „fxg6 e.p.“, „Sec4“, „Sexc4“, „T1c7“, „cxd8D“
Beispiller:
| Lc4 Bc4 |
De Leefer zitt op c4 |
| Lxc4 Bxc4 |
De Leefer zitt op c4 a schléit do eng géigneresch Figur |
| b4 | De Bauer zitt op b4 |
| axb4 (ab) |
De Bauer op a3 zitt op b4 a schléit do eng géigneresch Figur |
| fxg6 e.p. (fg e.p.) |
De Bauer op f5 zitt op g6 a schléit dobäi de géigneresche Bauer op g5 am Laanschtgoen |
| Sec4 Nec4 |
De Sprénger op der e-Linn zitt op c4 |
| Sexc4 Nexc4 |
De Sprénger op der e-Linnn schléit op c4 |
| T1c7 R1c7 |
Den Tuerm op der éischter Rei zitt op c7 |
| cxd8D cxd8Q (cdQ / cdD) |
De Bauer op c7 schléit op d8 a gëtt an eng Damm ëmgewandelt |
| cxd8S+ cxd8N+ (cdN+ / cdS+) |
De Bauer op c7 schléit op d8, gëtt an e Sprénger ëmgewandelt a gëtt Schach |
[änneren] Notatioun vu Partien an Zuchfolgen
Bei der Notatioun vu Schachpartie ginn déi eenzel Zich vu jiddwer vu deenen zwou Parteien als Hallefzich bezeechent, a jeeweils een Hallefzuch vu Wäiss mat deem folgenden Hallefzuch vu Schwaarz ginn zu engem Zuch vun der Partie zesummegefaasst.
D'Zich ginn am Laf vun der Partie an opsteigender Reiefolleg gezielt. Als éischten Zuch zielt dobäi ëmmer den Ufankszuch, entweder an der Grondstellung, oder enger anerer Stellung déi virginn ass, wéi op engem Diagramm.
Beispill: „1. e2-e4 e7-e5 2. Lf1-c4 Lf8-c5“
Fir an der Literatur zu enger Schachpartie eng Variant unzeginn gëtt d'Zielung vun der Partie iwwerholl. Setzt d'Variant mat engem schwaarzen Zuch an, da gëtt dee wäissen Zuch virdrun duerch e Plazhaler wéi „...“ oder „–“ ersat.
Fir z'ënnerscheede gëtt d'Partie bzw. d'Haaptvariant heefeg a fetter Schrëft an/oder an der ausféierlecher Notatioun duergestallt, während Varianten an normaler Schrëft an a Kuerznotatioun duergestallt ginn. Ënnervariante kënnen duerch Kommata oder Klammeren ofgetrennt an duerch en Nummeréierungssystem iwwersiichtlech duergestallt ginn.
Beispill: „1. e2-e4 e7-e5 2. Lf1-c4 Lf8-c5, oder: 2. … Sc6“
[änneren] Kommentéieren
Beim Kommentéiere vu Schachpartie gi gutt Zich normalerweis mat engem ugehaangenen „!“, ganz gutt Zich mat engem „!!“, Feeler mat engem „?“, graff Feeler mat engem „??“, interessant Zich mat engem „!?“ an zweiwelhaft Zich mat engem „?!“ gekennzeechent.
[änneren] Zuchbewäertung
| !! | brillanten Zuch (z. B. Ta1-b1!!) |
| ! oder (!) | gudden Zuch |
| !? | interessanten Zuch |
| ?! | zweiwelhaften Zuch |
| ? oder (?) | schlechten Zuch |
| ?? | ganz schlechten Zuch bzw. graffe Feeler |
