Schaf
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Schaf ass e Miwwelstéck, dat geduecht ass, fir Saachen dran ze versuergen, an dee vu baussen, laanscht d'Frontsäit, mat enger oder méi Dieren zougemaach ka ginn, déi, jee nodeems, zougespaart kënne ginn.
Bannen am Schaf si Regaler oder Tiräng, fir d'Saachen ënnerzebréngen, oder och, am Fall vun engem Kleederschaf, eng Staang, déi de queesche Wee agebaut ass, fir dorop Bijele mat Kleeder zehänken.
E Schaf, deen an enger Salle-à-manger street, an an deem Iessgeschier versurgt gëtt, gëtt och alt Buffet genannt. Schief mat duerchsiichteg verglaasten Diere si Vitrinnen.
| Commons: Cabinets – Biller, Videoen oder Audiodateien |