Schankweiler

Vu Wikipedia
Schankweiler
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 208
 (31. Dezember 2022)
Fläch 655 ha
Héicht 230 m
Koordinaten 49° 53’ 56’’ N
      06° 23’ 03’’ O
Telefonszon 06523
Postcode 54668
Websäit http://www.schankweiler-eifel.de


Schankweiler ass eng Uertsgemeng vun der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz. Se läit um Nordhank vum Ferschweiler Plateaus bis erof an d'Flossbett vun der Enz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend vum haidege Schankweiler ass, wéi Reschter vu Griewer, déi fonnt goufen, beleeën, zanter 4000 Joer an engem Stéck bewunnt. Eng éischt Kéer ernimmt gouf d'Duerf als Crenchovilare an enger Charte vu 721, an där d'Bertrada an hire Jong Charibert hire Besëtz Crenchovillare am Bedgau un der Prüm dem Klouschter Iechternach schenken.[1][2]

Am fréie Mëttelalter huet Schankweiler, wéi och Holsthum, den Häre vu Buerschent gehéiert, duerno vu 1496 un, verschiddene Linne vun der adleger Famill Metternich a vu 1753 bis d'Franséisch Revolutioun dem Freiherr Schenk von Schmidtburg.[2]

D'Par Schankweiler huet zum Dekanat Bitburg am Äerzbistum Tréier gehéiert, Holsthum war eng Filial vu Schankweiler. Patréiner vun der Kierch war den Hellege Méchel. 1570 gouf d'Par nach Hoilzwiler genannt, kuerz duerno gouf et duerch Schunkwiler ersat. Vu 1658 un ass just nach Schankweiler am Gebrauch. 1594 gouf d'Kierch, déi haut nach do steet, (nei) gebaut. Den Tuerm an d'Sakristei goufe 1729 ugebaut.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Camille Wampach: Urkunden und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur Burgundischen Zeit, 10 Bde., Luxemburg 1935-1955 I 2 Nr. 33
  2. 2,0 2,1 Philipp de Lorenzi: Beiträge zur Geschichte sämtlicher Pfarreien der Diöcese Trier, Bischöfliches General-Vikariat, 1887, Seite 159