Schlass Schauwebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schauwebuerg)
Schlass Schauwebuerg
D'Schlass Schauwenbuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Plaz Bartreng
Koordinaten 49° 36’ 40’’ N
      06° 02’ 59’’ O
Datum vum Bau 16. Joerhonnert


D'Schlass Schauwebuerg ass e Schlass zu Bartreng an deem hautdesdaags Raimlechkeete vun der Gemeng dra sinn.

D'Schlass ass tëscht dem 16. Joerhonnert an dem 18. Joerhonnert gebaut ginn. Bis 1780 huet et der Famill d'Huart gehéiert. Wéi d'Schlass ze kleng ginn ass, hu s'en neit Schlass baue gelooss, d'Schlass De Colnet d'Huart, ronn 300 m nordëstlech vun der Schauwebuerg ewech.

No der franséischer Revolutioun huet d'Schlass dacks de Besëtzer gewiesselt. Zanter 1951 ass et am Besëtz vun der Gemeng, déi d'Schlass mat Versammlungs- an Ausstellungsraim ëmfonctionéiert huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]