Scheetbaseng

Vu Wikipedia
Porte de garde um Scheetbaseng vum Canal du centre, beim Schëffslift N°1

E Scheetbaseng ass dee Schleisebaseng dee bei engem Kanal op der héchster Plaz tëscht zwou Schleise läit. Wann de Scheetbaseng d'Verbindung fir méi Kanäl mécht, kënnen et och méi Schleise sinn, wéi z. B. beim Canal du Centre deen e gemeinsame Scheetbaseng mam Kanal Charleroi-Bréissel huet.

Well sou Basengen dacks op enger vun den héchste Plazen tëscht zwee Anzuchsgebidder vu Flëss leien, muss de Waasserstand meeschtens duerch eng kënschtlech Alimentatioun garantéiert ginn. Dacks sinn dat Waasserreservoiren déi vu klenge Baachen aus der Géigend gefiddert ginn, an a verschiddene Fäll Aqueducen déi d'Waasser vu méi wäit hierbréngen. A ville Fäll muss d'Waasser op déi neideg Héicht aus engem Floss dee méi déif läit eropgepompelt ginn. E Beispill dofir ass den Aisne-Marne Kanal fir deen d'Waasser zu Condé-sur-Marne aus der Marne gepompelt gëtt, an iwwer e ronn 8 km laangen Aqueduc bis an de Scheetbaseng bei Vaudemange geleet gëtt.

Bei eelere Kanäl koum d'Waasser aus der Ëmgéigend iwwer sougenannt Leetgrief op d'Plaz. Dat huet awer dozou gefouert datt an dréchne Summeren dacks net genuch Waasser zu Verfügung stoung, fir vill Schleisegäng ze maachen.

Fir en Auslafe vum Scheetbaseng, am Fall vun Aarbechten un enger Schleis, oder bei engem eventuellen Accident ze verhënneren, stinn dacks um ieweschten Deel virun der Schleis Sécherheetspaarten déi sougenannt Portes de garde. Besonnesch wichteg sinn déi bei Schëffslifter.