Scheierhaff (Veianen)
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Scheuerhof de: Scheuerhof |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Veianen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Marc Schaefer (LSAP) | ||||||
| Fläch Uertschaft: | 318,1190 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 56' 21,9" N 06° 13' 03,4" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
De Scheierhaff ass e Lieu-dit am Nordoste vu Veianen deen op enger Héicht vun 374 Meter iwwer NN läit. En huet den Numm vum Haff dee laang Zäit dat eenzegt Gebai do war. De Flouer vum Scheierhaff grenzt am Nordosten un Däitschland, am Süden un de Bësch mam Numm Déifendellt, am Südwesten ass den Hank vum Roupischbierg mat der Quell vun der Kalchesbaach. Am Nordwesten läit de Bësch Greecht, an am Norden déi nei Cité Scheierhaff. Et kënnt een op de Scheierhaff iwwer den CR344 (Rue du Sanatorium), deen zu Veianen am Zentrum vun der N10 (Rue de la Gare) fortgeet.
Cité Scheierhaff [änneren]
D'Cité Scheierhaff besteet aus engem alen Deel, Al Cité, deen et zënter de spéiden 1980er Jore gëtt, an engem neien Deel, Nei Cité, deen am Laf vum éischte Joerzéngt vun den 2000er Joren entstanen ass. Dat Ganzt ass e Quartier nordwestlech vum Scheierhaff.
Sanatorium [änneren]
De fréiere Sanatorium, deen nordwestlech dervu läit, ass zënter 1979 e Fleegeheem, an deem 91 Leit kënnen opgeholl ginn a 27 Eenzel- an an 32 Zweebettzëmmeren.
Ronderem de Scheierhaff gëtt et en etlech Trëppeltier, an zu Fouss sinn et knapps zéng Minutte bis bei d'Schwämm déi 700 Meter westsüdwestlech dervun ewech läit.