Schengen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schengen
An anere
Sproochen:
fr: Schengen
de: Schengen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Réimech
Gemeng: Coat of arms schengen luxbrg.png Schengen
Buergermeeschter: Ben Homan
Awunner Uertschaft: 560
(2007)
Koordinaten: 49° 28' 13" N
6° 21' 50" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Schengen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Schengen.

Bekannt ass se virun allem fir d'Schengener Ofkommes dat do ënnerschriwwe gouf.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Schengen läit un der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dräilännereck bei Schengen Nuvola apps xmag.png

De westlechen Deel ass duerch de Markusbierg dominéiert, de südlechen duerch de Strombierg. Wënzerei an Tanktourismus sinn déi wirtschaftlech Haaptaktivitéiten an dëser Uertschaft.

Geschicht [änneren]

Tuerm beim Schengener Schlass

Archeologesch Fondsaachen aus der Bronzezäit weisen, datt déi haiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Dokumenter stamen aus dem Joer 877.

1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeems Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.

D'Schengener Ofkommes: Firwat Schengen? [änneren]

De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff M.S. Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Konventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schengener Ofkommes Nuvola apps xmag.png

Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwert d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss giff et haut vläicht weltbekannte "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...

Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, datt dem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech an esou skurilen Detailer wéi deem, datt eng britesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Der Internet-Sichmaschinn Google no ginn et iwwer 6,2 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" Rieds geet.

Kuckeswäertes [änneren]

Schengener Schlass
"Kochhaus" zu Schengen

D'Schlass
D' Schengener Schlass gouf 1390 gebaut. Et gouf awer, bis op den Tuerm, dee bis haut am uersprénglechen Zoustand conservéiert ass, 1812 zerstéiert. Am 19. Joerhonnert gouf d'Schlass nees opgebaut, zum gréissten Deel aus Material vum fréiere Schlass. Den 13. September 1871 war de franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo hei op Besuch. Eng Zeechnung vum Schlass, déi e gemaach huet, ass erhalen. 1939 hunn d'Nonne vu Ste. Elisabeth d'Schlass iwwerholl. Zënter 2010 ass en Hotel am Schlass..

Just nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("de:Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.

D'Kochhaus

Nieft dem Schlass kann een d'Kochhaus kucke goen. Et gouf 1779 gebaut, an eng Ausstellung iwwert Europa ass dran ënnerbruecht. Op der "Place des Accords de Schengen" gouf e Monument opgeriicht, fir un dësen Akt z'erënneren. Am Kochhaus huet d'Schengen Friddensstëftung (Schengen Peace Foundation) hire Sëtz. Do huet si och eng Rei Biller vum Matt Lamb, engem moderne Moler, ausgestallt. De Matt Lamb ass Matgrënner vun der Schengen Peace Foundation, déi sech am Kochhaus néiergelooss huet.

Den Tuerm vum Schlass, d'Kochhaus an e Gebai op Nr 74 an der Wäistrooss stinn um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

De Centre Européen Den 13. Juni 2010, genee 25 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengener Vertrag, gouf am Centre Européen zu Schengen den Europa-Musée ageweit.

Op 200 Quadratmeter ginn d'Leit alles Wessenswäertes iwwert Geschicht vum Schengener Vetrag gewuer. An der interaktiver Dauerausstellung kann een sech historesch Fotoen, an Filmer ugucken. Zu der Ausstellung gehéiert ausserdeem eng interaktiv Kartenanimatioun,wo een gesait wéi Grenzen an Europa sech säit 1815 verännert hun, een Europa-Puzzle,an een Schengen Pass Automat, wou all Visiteur sech säin eegene Schengen Pass als Souvenir ausdrécke kann.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Centre européen Schengen Nuvola apps xmag.png

D'Naturschutzgebitt Strombierg [änneren]

Südlech vu Schengen läit, zum Deel an enger fréierer Gipsgrouf, d'Naturschutzgebitt Strombierg.

Literatur [änneren]

Fotoen [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien