Schengener Ofkommes

Vu Wikipedia

D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accorde vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 [1] vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff M.S. Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.

D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëscht de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzege Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschaf, well net all EU-Staate bereet waren matzemaachen.

Donkelblo: EU-Membere vum Schengener Ofkommes
Hellblo: Net-EU-Membere vum Schengen-Raum
Gréng: Staaten, déi kooperéieren (IRL)
Beige: Kandidatelänner (RO, BG, CY)
Den Traité

Memberschaft an Ëmsetzung[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Juni 1990 hunn Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner e weidert Dokument ënnerschriwwen, déi sougenannt Schengener Konventioun, déi déi 'technesch' Detailer reegelt.

Zu dëse Länner sinn no an no nach anerer derbäikomm:

Duerch e Protokoll am Traité vun Amsterdam gouf d'Schengener Ofkommes an den 'Acquis' vun der Europäescher Unioun iwwerholl, an dofir sinn déi zéng Länner, déi am Mee 2004 bäigetruede sinn, automatesch Memberen. D'Vereenegt Kinnekräich (a wéinst den oppene Grenzen tëscht Nordirland an der Republik Irland och déi leschtgenannten) maachen awer bis op Weideres net mat. De 16. Oktober 2004 huet d'Net-EU-Land Schwäiz ënnerschriwwen, dem Schengen-Raum bäizetrieden. Et ass den 12. Dezember 2008 fir de Landverkéier a Kraaft getrueden. Enn Mäerz 2009 mam Summerfluchplang koum de Loftverkéier debäi.

Déi praktesch Ëmsetzung geschouch no an no, mat siwe Länner am Juni 1995 (déi fënnef éischt plus Spuenien a Portugal). 1997 koumen Éisträich an Italien no. A Griicheland sollt d'Konventioun zwar vun 1997 u gëllen, praktesch war dat awer eréischt vun 2000 un de Fall. Déi Skandinavesch Länner, déi virdrun och schonn eng Struktur ënnereneen haten, déi bal d'selwecht war, hunn d'Schengener Ofkommes de 25. Mäerz 2001 ëmgesat.

An den zéng neien EU-Memberstaate vum Bäitrëtt vun 2004, ausser Zypern, ass de Schengen-Raum den 21. Dezember 2007 (fir Land- a Miergrenzen) an den 30. Mäerz 2008 (fir Loftgrenzen) a Kraaft getrueden. Fir Zypern steet nach keen Datum fest. Kroatien ass 2023 bäigetrueden; den 1. Januar fir Landgrenzen an de 26. Mäerz fir de Fluchverkéier. Rumänien a Bulgarie sinn 2024 bäigetrueden; den 31. Mäerz fir Fluch- a Schëffverbindungen.

Wat steet dran?[änneren | Quelltext änneren]

De Prinzip vum Schengener Ofkommes ass d'ongehënnert Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëscht de Memberstaaten, ouni op der Grenz kontrolléiert ze ginn. Dat heescht am Géigenzuch, datt d'Schenge-Staaten hir baussenzeg Kontrolle koordinéieren.

D'Schengener Ofkommes gesäit och fir, datt Informatiounen iwwer Leit, déi sech net (méi) an engem Schengen-Land ophalen däerfen, oder vun der Police gesicht ginn, mat deenen anere Schengen-Länner gedeelt ginn, an dat mat Hëllef vum sougenannte Schengener Informatiounssystem (SIS).

Land Bäitrëtt zum Traité Ofschafe vun de Grenzkontrollen
(kursiv = viraussiichtlech)
Ausser Kraaft gesat Bemierkungen
Andorra - 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrollen mat de Nopeschlänner Spuenien a Frankräich.
Belsch 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Vum 10. bis 30. Januar 2000 bei Geleeënheet vun enger Amnestie fir Persounen ouni Openthaltserlabnis. Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Bulgarien 1. Januar 2007 31. Mäerz 2024 partiell, just Fluch- a Schëffverbindungen
Dänemark 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Och Grönland an d'Färöer, als Deel vun der Nordescher Passuniounn, si Member vum Schengener Traité.
Däitschland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006. Wärend dem G8-Sommet zu Heiligendamm 2007. Zanter dem 16. Oktober 2023, wéinst der illegaler Migratioun, un de Länner Polen, Tschechien, Schwäiz an Éisträich. Mat dem Bäitrëtt vun der DDR zur Bundesrepublik den 3. Oktober 1990 gëllt de Schengener Traité och um Territoire vun der fréierer DDR.
Estland 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Finnland 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
Frankräich 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Ouni d'Départements outre-mer
Griicheland 6. November 1992 26. Mäerz 2000 Formal a Kraaft schonn 1997, wéinst de Sécherheetsbedenke vun aneren EU-Länner faktesch Ëmsetzung eréischt 2000.
Irland 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfollgung a polizeilech Zesummenaarbecht. D'Passkontrolle bleiwe bestoen.
Island 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Italien 17. November 1990 26. Oktober 1997 Virun a wärend dem G8-Sommet zu Genua 2001.
Kroatien 1. Juli 2013 1. Januar 2023
Lettland Lettland 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Liechtenstein - 22. Dezember 2011
Litauen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Lëtzebuerg 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995
Malta 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Monaco - 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Frankräich.
Holland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Norwegen 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Éisträich 28. Abrëll 1995 1. Dezember 1997 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2008. Zanter dem 16. September 2015, wéinst der Flüchtlingskris 2015, un de Länner Däitschland, Slowenien an Ungarn.
Polen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Portugal 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995 Virun a wärend der Foussball-Europameeschterschaft 2004.
Rumänien 1. Januar 2007 31. Mäerz 2024 partiell, just Fluch- a Schëffverbindungen
San Marino - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Schweden 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
CHECHE Schwäiz 16. Oktober 2004 12. Dezember 2008 Nëmmen Ofschafe vun de Persounekontrollen. D'Kontroll vun de Wuere bleift bestoen, well d'Schwäiz net an der EU-Zollunioun ass.
Slowakei 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Slowenien 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Spuenien 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995
Tschechesch Republik 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Ungarn 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Vatikanstad - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestounge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Vereenegt Kinnekräich 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfollgung a polizeilech Zesummenaarbecht. D'Passkontrolle bleiwe bestoen.
Zypern 1. Mee 2004 fréistens 2027 net viru Léisung vum Zypernkonflikt

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cedric Sangaletti, 2008. Schengen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 221-226. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schengener Ofkommes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.ena.lu/ Text vum Okommes vun 1985