Schetzel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
D'Plaz virun der Hiel vum Schetzel am Gréngewald.
Dem Schetzel seng Hiel.
Bannen an der Grott. Lénks de Schetzel, riets den hl. Achardus.
D'Tak mam Schetzel vum Edmond Lux. Lénks steet: Hl Schetzel + (D'Tak ass ënne lénks signéiert, EL 74)

De Schetzel war e Klausener, deen am 12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud an enger Klaus am Gréngewald bei Lëtzebuerg gelieft huet.

De Schetzel ass 1138 oder 1139 gestuerwen.

Aner Nimm ënner deenen hie bekannt war: Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

Schonn zu senger Liefzäit war de Schetzel an der ganzer Ëmgéigend bekannt a veréiert, wat sech no sengem Doud iwwer d'Joerhonnerten eraus bis haut erhalen huet.

De Schetzel ass den 11. August 1138 oder 1139 gestuerwen. Seng kierperlech Iwwerreschter louchen an der Kierch vun der Abtei Almënster an der Stad Lëtzebuerg, wou se véier Joerhonnerte laang veréiert goufen. Zënter 1543, wéi d'Abtei am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert gouf, gëlle seng Iwwerreschter als verschollen.

D'Hiel am Gréngewald, déi natierlech entstanen ass, war laang verschott. Si ass am 19. Joerhonnert vum deemolege Paschtouer vu Weimeschkierch, dem Jean Klein, nees fräigeluecht ginn. Si ass eng 3 m breet, 2,5 m déif an 2,5 m héich.

Well de Schetzel de 6. August säin Namensdag huet, huet de Vincent Krier an de 1960er Joren, wéi hie Paschtouer vun Hueschtert war, den 2. Sonndeg am August fir d'alljährlech Schetzelfeier am Gréngewald gewielt.

De Schetzel gëtt dacks als helleg bezeechent, dat obschonn d'kathoulesch Kierch hien ni helleg, an och net séileg gesprach huet. D'Vollek huet him deen Titel ginn, wat d’Kierch toleréiert huet.

[änneren] D'Plaz haut

Haut ass nach d'Hiel ze gesinn an där eng Kapell aménagéiert ass, déi zur Par Hueschtert (Nidderaanwen) gehéiert. An der Grott stinn e Kräiz an zwou Statuen, déi vum Schetzel an déi vum hl. Achardus. D'Statue si vum Josy Jungblut.

Um Fiels nieft der Hiel gesäit een

  • eng modern Tak déi de Schetzel duerstellt. D'Tak ass vum Edmond Lux.
  • eng stenge Plackett mat engem Text iwwer d'Liewe vum Schetzel.

Virun der Hiel stinn

  • en Altor aus Holz
  • sechs Reie vu permanent installéierte Bänken
  • e Weekräiz mat der Joreszuel 1882.

Op der Lëtzebuerger topographescher Kaart (23 Luxembourg) ass d'Klaus mat Ermitage de Schetzel an de Beräich ronderëm mat Schetzelklaus agedroen.

[änneren] D'Plackett um Fiels bei der Hiel

Op der Plackett steet op Däitsch geschriwwen (hei iwwersat):

"Den Hl. Schetzel, deen aus der Géigend vun Tréier staamt, huet déi 14 lescht Jore vu sengem strenge Klausliewen an dësem verloossene Bësch verbruecht. Jidderee wäert e bewonneren, vill wäerten em noäiferen, kee wäert en nomaachen. Den Hellege Bernhard, Abt vu Clervaux († 1149) huet duerch Vertrauenspersounen den Hl. Schetzel opsichen a beschenke gelooss. Den Zisterzienserpater Hl. Achardus war iwwerglécklech fir den hellege Klausbrudder ze gesinn a mat him ze schwätzen. Den Hl. Schetzel ass ëm d'Joer 1139 gestuerwen a gouf an der Abtei vun Eiser Léiwer Fra zu Lëtzebuerg begruewen. Zënter der Zerstéirung vun Almënster sinn déi wäertvoll Iwwerreschter vum Hellege spurlos verschwonnen. Hellege Schetzel léier a beschütz eis!"

Op där Plakett stinn dräi Feeler: (1) Den Hl. Bernhard ass net 1149, mä 1153 gestuerwen an (2) hie war Abt vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (am Frankräich), net ze verwiessele mat dem lëtzebuergesche Clervaux, Klierf, wou eng Benediktinerabtei ass. (3) De Schetzel ass ni vun der Kierch helleg gesprach ginn.

[änneren] Wéi ee bei d'Klaus kënnt

D'Schetzelhiel läit um Wee vum circuit auto-pédestre duerch de Gréngewald, dee vum Waldhaff aus fort geet.

Mam Auto errecht een d'Plaz am Beschte vun der Iechternacherstrooss (E29/N11) aus: wann ee vum Waldhaff a Richtung Jonglënster fiert, béit een ca 1 km nom Waldhaff, genee do wou d’Strooss vun 2 op 3 Spuren iwwergeet, no lénks of an e ronn 30 m laange goudronnéierte Wee, wou een den Auto parke kann.

Vum geparkten Auto aus geet et dann iwwer de Bëschwee zu Fouss erof weider, ca 800 m, de Schëlter no, bei d’Schetzelhiel.

[änneren] Historesches

  • Iwwer d’Liewe vum Schetzel gëtt et nëmmen eng eenzeg zouverlässeg historesch Quell, an zwar den Text deen de Brudder Herbert vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (Frankräich) no dem mëndleche Rapport vum hl. Achardus niddergeschriwwen huet (Heriberto de miraculis s. Bernardi, libri 3, lib. 1, cap. 6). Den Achardus huet, op senger Rees vu Clairvaux op Immerode an der Äifel, de Schetzel opgesicht fir hie kennen ze léieren an him Geschenker z'iwwerreechen (haaptsächlech Kleeder). All aner Berichter sinn dono entstanen an als Legenden unzegesinn.
  • Den Achardus insistéiert drop, de Schetzel als gléckleche Mann erlieft ze hunn, deen op all materiell Wäerter verzicht huet, a sech jorelaang nëmme vu Planzen aus dem Bësch erniert huet. Eréischt an de véier leschte Wantere viru sengem Doud huet hien Iesse vun de Baueren aus der Ëmgéigend ugeholl.
  • De Schetzel gouf bei senger Hiel begruewen. Zwee Joer drop huet den Abt Folmare seng Iwwerreschter an d'Abtei Almënster brénge geloos, wou se an enger Doudelued aus Sëlwer virum Haaptaltor an der Klouschterkierch ënnerbruecht goufen. Do goufen d'Reliquie vum Schetzel ronn 400 Joer laang veréiert.
  • 1543 gouf d’Abtei Almënster am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert. Zwar hat den Abt Johannes Harder virdrun all wäertvoll Objeten op Tréier a Sécherheet brénge gelooss, déi sëlwer Doudelued awer ass zréckbliwwen a gouf vun den Zaldoten zerluecht. Ob déi kierperlech Iwwerreschter vum Schetzel, wéi déi vum Jang de Blannen, och a Sécherheet bruecht goufen, ass net bekannt. Si gëllen zanterhir als verschollen.

[änneren] De Schetzelkult am Gréngewald an den Aménagement vun der Grott

D'Veréierung vum Schetzel am Gréngewald ass Mëtt 19. Joerhonnert erëm opgelieft, nodeems d’Schetzelhiel nees fräigeluecht gouf.

  • 1860 huet de Staatsarchitekt Charles Arendt eng Beschreiwung an zwou Skizze vun der Schetzelhiel verëffentlecht.
  • Ëm 1915 gouf op Uweisung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde en Eisegitter an der Entrée vun der Grott opgeriicht an zwou polychroméiert Statuen aus Terracotta an der Hiel opgestallt: vum Schetzel a vum hl. Achardus. Déi Statue si spéider verschwonnen.
  • 1948 goufen zwou nei Statuen aus Steen vum Sculpteur Claus Cito opgestallt, en neit Gitter, aus Holz, installéiert, an eng stenge Plack mat engem Text iwwert d'Liewen vum Schetzel lénks vun der Grott um Fiels befestegt.
  • Béid Statue goufen 1969 duerch Vandalen zerstéiert, awer am selwechte Joer duerch zwou neier, vum Sculpteur Josy Jungblut, ersat. Den 9. August 1970 goufe si vum Bëschof Jean Hengen, deen duerno op der Plaz d’Mass mat Priedegt gehalen huet, feierlech geseent. Béid Statue kann een haut an der Grott, lénks a riets vum Kräiz, gesinn.

[änneren] De Schetzel an der Kathedral zu Lëtzebuerg

An der Kathedral gëtt zweemol un de Schetzel erënnert:

  • An der drëtter Chouerfënster vu riets, der Fënster „Regina Confessorum“
  • Als Statu iwwer dem Säiteportal.

[änneren] Nom Schetzel genannt

Zu Weimeschkierch ass eng Strooss nom Schetzel genannt (rue Schetzel). Si verbënnt d'rue des Sources mat der rue de Kirchberg. Hiren Numm krut se duerch eng Decisioun vum 16. Mee 1925 vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. [1]

[änneren] De Schetzel an der Literatur

De Wilhelm Weis (1894-1964) huet e Roman mam Titel Knecht der Liebe iwwert d'Liewe vum Schetzel geschriwwen.

[änneren] Quellen

  • David Luscombe, Jonathan Riley-Smith: Schetzel the Hermit in The New Cambridge Medieval History, Vol. IV, Säit 353.
  • Charles Arendt, 1860. Brief über die Schetzel-Grotte. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le grand-duché de Luxembourg vol. XV (année 1859). S. 224, pl. VI.
  • Josy Schumacher, 1984. Sankt Schetzel. In: Niederanven I. Beiträge zur Geschichte einer großen Gemeinde. S. 79. Erausgi vun der Gemengeverwaltung Nidderaanwen (ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer). Dréckerei Fr. Faber, Miersch.
  • Henri Beck, 2001. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (Rue Schetzel). ons stad 66, S. 25. PDF

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Schetzel – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Biller

[änneren] Referenzen

  1. Henri Beck, 2001.
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen