Schetzelbur

Vu Wikipedia
Schetzelbur
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Géigend Gréngewald
Verwaltungseenheet Steesel
Geographie
Koordinaten 49° 39’ 57.4’’ N
      06° 11’ 21.5’’ O
Héicht. i. M. 360 m
Quell vun Schetzelbaach


De Schetzelbur ass d'Quell vun der Schetzelbaach am Gréngewald déi spéider no dem Zesummefloss mat der Réngelbaach d'Wäiss Iernz bilt. E läit op enger Héicht vun 370 Meter (NG-L).

Um Gebitt vun der Gemeng Steesel trëtt säi Waasser aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, dem gréissten a wichtegsten Drénkwaasserspäicher vu Lëtzebuerg. Hiren Numm krut d'Quell vum séilege Schetzel, deen am 12. Joerhonnert an enger Hiel an der Noperschaft vun der Quell gelieft huet a säin Duuscht mam Quellewaasser geläscht huet. 1948 ass d'Quell vun enger Scoutsgrupp vum Lampertsbierg gefaasst a mat engem Waasserbaseng ausstafféiert ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]